Bolid

Vu Wikipedia

E Bolid ass e Meteor, deen duerch seng ongewéinlech Gréisst explodéiert an dobäi aussergewéinlech hell opliicht. Déi méi liichtschwaach, mat manner Material ginn als Meteoren oder Stäreschnäize bezeechent.

E Bolid entsteet, wann e besonnesch grousse Meteoroid an d'Äerdatmosphär erakënnt. Wann de Meteor méi hell ass wéi -4 mag (mëttel visuell Magnitude vum Planéit Venus), da nennt een e Feierkugel oder Feierball. Eréischt wann de Meteor explodéiert, gëtt vun engem Bolid geschwat.

Heiansdo kéint et vir, datt d'Gestengsmaterial eréischt beim Opprall op d'Äerduewerfläch oder kuerz driwwer explodéiert. D'Folleg dovu kann eng kilometerwäit Verwüstung, wéi beim Tunguska-Ereegnes sinn. Wann d'Material net sou massiv ass, kann et zu enger spektakulärer Erscheinung kommen. [1]

Bekannt Ereegnesser[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]