Bombaye

Vu Wikipedia
Bombaye
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Gemeng Dalhem
Fläch 530 ha
Koordinaten 50° 43’ 00’’ N
      05° 43’ 50’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4607

Bombaye op Wallounesch Boûbåye ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Dalhem, an der Provënz Léck, a Wallounien.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Bombaye eng eegestänneg Gemeng. Bei där Fusioun gouf d'Uertschaft Mons ofgetrennt a koum an d'Gemeng Visé.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Bombaye läit um rietsen Uwänner vun der Berwinne op enger Héicht vun 115 Meter. D'Uertschaft ass iwwer d'Nationalstrooss N608 an iwwer eng Strooss déi vun Dalhem op Warsage féiert, un de Verkéier ugeschloss. Am Norde leeft d'Infrabel-Linn 24 laanscht d'Uertschaft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

A Schrëften daucht den Numm vun der Uertschaft fir d'éischt ëm 1108 ënner de Schreifweise Bubail, Bubais a Boubais op. An engem Akt vun 1157 gëtt d'Kierch Saint-Jean-Baptiste ernimmt, et war domat eng vun den eelsten aus der Grofschaft Dalhem. Den Doumkapitel vun Oochen hat d'Recht fir de Mayeur, 3 Schäffen an de Fierschter z'ernennen. De Senechal vun Dalhem, als Representant vum Herzog vu Brabant, gouf awer als Matherrscher unerkannt. Hien hat d'Recht déi 4 aner Schäffen an de Vogt ze bestëmmen. Déi Opdeelung huet allerdéngs vill Konflikter an der Juridictioun mat sech bruecht. Fir Streidereie bäizeleeën, goufen dräimol am Joer sougenannt Plaids généraux ofgehalen. Bei Doudestrofe goufen déi Verurteelt zu Fouron-le Comte higeriicht.

Am 16. a 17. Joerhonnert waren d'Habsburger Här a Meeschter. 1539 huet de Karel V. dekretéiert datt d'Geriicht vun Dalhem en iewescht Geriicht sollt sinn. Als sougenannte fief héréditaire koum Bombaye no de Brabänner an de Besëtz vum spuenesche Kinnek. Fir Sue fir seng Krichereien ze kréien huet deen et 1643 dem Thierry vu Gulpen verpännt. Um Enn vum 17. Joerhonnert hat d'Bevëlkerung ënner de Streidereie vum Louis XIV. mat Spuenien an Holland ze leiden. Bis zum Ufank vum 18. Joerhonnert blouf Bombaye am Besëtz vun der Famill de Gulpen a koum duerno iwwer Ierfschaft un d'Famill de Kerkem fir schliislech dem Grof vu Borchgrave ze gehéieren. Vu 1661 bis 1786 war et ënner der Autoritéit vun de Vereenegte Provënzen duerno ënner éisträichescher Herrschaft a vu 1794 u waren d'Fransouse Meeschter. Wéi nom Konkordat d'Paren nees restauréiert goufen, koum Bombaye an d'Par vu Warsage. Vun do un huet sech och lues a lues d'Textilindustrie installéiert a vill Spënnereien a Wiewereie waren aktiv. Et gouf déi Zäit och e puer Steekollen an e Kallekuewen an der Gemeng. Vun 1814 bis zur Revolutioun vun 1830 huet et dunn zum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden gehéiert.

Éischte Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am August 1914 haten déi däitsch Truppen d'Duerf ausgeraibert an zerstéiert.

Persounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bombaye – Biller, Videoen oder Audiodateien