Bommeleeër

Vu Wikipedia

Mam Begrëff Bommeleeër gëtt zu Lëtzebuerg eng bis ewell onbekannt Grupp vu Persoune benannt, déi tëscht dem Abrëll 1985 an dem Abrëll 1986 mat enger Rei Sprengstoff-Uschléi virun allem op Infrastrukturariichtungen an op ëffentlech Gebaier d'Land an Otem gehalen huet.

Wann de Begrëff "Bommeleeër" sech am kollektive Verhalt festgesat huet, sou woussten d'Enquêteure zanter dem Juli 1985 datt et sech ëm eng Grupp vun op d'mannst 4 Leit handele misst.

Nodeem et jorelaang roueg ëm d'Affär war, huet d'Enquête zanter 2004 en neien Driff kritt. De 25. November 2007 huet de Procureur Robert Biever op enger Pressekonferenz matgedeelt, datt zwou Persounen, déi zur Zäit vun den Uschléi bei der Brigade mobile vun der Gendarmerie waren, beschëllegt gi wieren (wéinst versichtem Doutschlag, wéi en eng Woch méi spéit an enger Chamberkommissioun wësse gelooss huet). Déi zwéi bestreiden, eppes mat der Affär ze dinn ze hunn.

D'Affär Bommeleeër[änneren | Quelltext änneren]

Mat 2 Uschléi op en Héichspannungsmast vun der Cegedel zu Beidler, den 30. Mee an den 2. Juni 1984, ass d'Serie vun den am Ganzen 20 Uschléi ugaangen. Un deem Mast hounge Stroumleitungen, déi de Laangwellesender vun RTL mat Stroum beliwwert hunn.

Virdru gouf et eng hallef Dosen Déifställ an Abréch, ë. a. um Fuesweekend 1984 a 85, a verschiddene Steekaulen, bei deenen iwwer 400 kg Luxite (Sprengsalpéiter), Sprengkapselen an Zündere geklaut goufen. Déi koume bei den Uschléi zum Asaz.

Den 12. Abrëll 1985 gouf et eng Explosioun an engem onbewunnte Weekendhaischen zu Buerschent, déi awer net eendeiteg (zum Deel, well keng Spueren opgeholl goufen) mat der Serie a Verbindung bruecht konnt ginn.

Weider goung et da mat enger Serie vun Uschléi an de Méint duerno, déi ë. a. elektresch Pottoen, Gasleitungen, Telefonskabelen, d'Radaranlag um Fluchhafe Lëtzebuerg, mä och d'Schwämm um Kierchbierg, EU-Ariichtungen, de Sëtz vum Wort, de Büro vum Untersuchungsriichter, dee mam Dossier befaasst war, um Stater Geriicht, e Policebüro an d'Privatwunnenge vun engem Nottär a vum Gendarmeries-Colonel Wagner, dee just virdru pensionéiert gouf, als Zil haten.

Et gouf bei deenen Uschléi zum Gléck keng mënschlech Affer - op d'mannst keng direkt -, mä dacks war et just den Zoufall, dee Schlëmmeres verhënnert huet. En Ingenieur gouf awer bei der Spueresécherung un der Hand blesséiert, et gouf 5 Blesséiert an den accidentéierten Autoen, déi op der Escher Autobunn an d'Kabele vum ëmgefalenen Héichspannungsmast gerannt waren, an een Zaldot ass um Wee fir op en Asaz, fir e potentiellt Attentatszil ze bewaachen, bei engem Autosaccident déidlech verongléckt. Och de Muerd un engem "Hobbydetektiv" gouf mat der Affär a Verbindung bruecht, ouni datt awer bis ewell schlësseg Beweiser dofir virléichen.

Den ugeriichte materielle Schued gëtt op wäit iwwer 25 Milliounen Euro geschat.

Laang ware keng Revendicatiounen oder Bekennerschreiwe vun den Auteure bekannt. Eréischt 2004 ass duerchgesickert (an am November 2007 vum Robert Biever confirméiert ginn), datt et Léisegeldfuerderunge gouf: 250.000, respektiv 750.000 US-Dollar sollt d'Cegedel bezuelen, fir datt domat opgehale géif. Et gouf och e mësslongene Versuch, dës Suen den Erpresser ze ginn.

Eng Belounung vun 12 Milliounen aler Frangen (enger 300.000 Euro) war ausgesat gi fir deen, deen et erméiglecht, d'Auteure festzehuelen.

Chronologie vun den Attentater[änneren | Quelltext änneren]

  • Stroummast Beidler
  • Stroummast Beidler (bis)
  • 12. Abrëll 1985: Chalet Buerschent
  • 27. Abrëll 1985: Cegedel Stafelter
  • 07. Mee 1985: Cegedel Schléiwenhaff
  • 27. Mee 1985: Gendarmerie Verluerekascht
  • 29. Mee 1985: Cegedel Izeg
  • 23. Juni 1985: Gaswierk Hollerech
  • 05. Juli 1985: Boobytrap Blaaschent
  • 05. Juli 1985: Kasematten Stad
  • 26. Juli 1985: Sankt-Paulusdréckerei zu Gaasperech (Wort)
  • 29. August 1985: Police Glacis
  • 29. August 1985: Ponts & Chaussées Glacis
  • 30. September 1985: Piscine Olympique (Coque)
  • 20. Oktober 1985: Palais de Justice
  • 09. November 1985: Findel
  • 30. November 1985: Cegedel Gréngewald
  • 02. Dezember 1985: Sommet Kierchbierg
  • 17. Februar 1986: Nottär Camille Hellinckx, um Cents
  • 25. Mäerz 1986: Colonel Wagner, Belair

D'Enquête[änneren | Quelltext änneren]

Trotz enger zäitweis bis zu 30 Mann héijer Spezialkommissioun, déi iwwer d'Affär enquêtéiert huet, sinn d'polizeilech Ermëttlunge jorelaang zu kenge schlëssege Resultater komm, wien dohanner géif stiechen. Et gouf an all méiglech Richtungen enquêtéiert: ugefaange bei Leit, déi hir Rechnunge bei der Cegedel net bezuelt haten, iwwer Studentekreesser (well d'Attentater meeschtens de Weekend iwwer waren), an d'Awunner vu bestëmmten Uertschaften, bis hin zu méigleche Verbindungen zu der Waldbëlleger Affär, mä och zu auslänneschen Terrororganisatioune wéi d'RAF oder d'belsch Cellules Communistes Combattantes.[1]

De Fait, datt et der Police u Mëttele gefeelt huet, an och, datt bannent kuerzer Zäit noenee véier Untersuchungsriichter mam Dossier befaasst waren, hu mat derzou bäigedroen, datt bal 20 Joer der Ëffentlechtkeet keng Resultater konnte matgedeelt ginn.

Sou ass et net verwonnerlech, datt an der Press alt ëmmer nees iwwer méiglech Hannergrënn oder Verbindunge mat aneren Affäre spekuléiert gouf. Souguer de Kriminolog Armand Mergen huet z. B. 1996 an engem RTL-Interview sibyllinesch gemengt, d'Affär wier "opgekläert, mä net public". Als méiglech Matschëlleg goufen alt de Prënz Jean, Brudder vum Grand-Duc Henri, oder de fréiere Chef vun der Brigade Mobile oder "de Geheimdéngscht" an d'Gespréich bruecht.

Uganks vun den 2000er Joren ass d'Enquête, déi bis dohin ni klasséiert gi war, nees méi intensifiéiert ginn. RTL Radio an Televisioun hunn tëscht Abrëll 2005 a Februar 2006, ëmmer op den Dag genee, d'Virfäll vun 20 Joer virdrun a Spezialreportagen thematiséiert. Dobäi koumen och alt nei Detailer un d'Ëffentlechkeet, virun allem Zeien hu sech gemellt, vun deenen der e puer deklaréiert hunn, si wieren net seriö geholl ginn, oder net zeréckkontaktéiert ginn, wéi se wollten eng Ausso maachen.

En Zeien hat am November 2005 gesot, hien hätt "eng Persoun aus dem ëffentleche Liewen" e puer Stonne virun engem Attentat op d'Radaranlag um Findel, do an der Noperschaft erëmerkannt, mä wier deemools, wéi en dat bei der Sûreté gemellt huet, vun dëser ënner Drock gesat ginn, den Numm ni ëffentlech ze soen. Souguer de Premier Jean-Claude Juncker huet sech dunn ageschalt, a sech vum Mann den Numm soe gelooss, deen en dann un de Procureur weiderginn huet, fir datt deen dem Mann seng Observatiounen der zoustänneger Untersuchungsriichterin virugi sollt.

Den 22. Februar 2006 huet de Stater Parquet e Communiqué verëffentlecht, an deem e sech op deem Zeie seng Aussoe bezunn huet an ausféierlech duergeluecht huet, datt de Prënz Jean (déi sougenannt Persoun aus dem ëffentleche Liewen) befrot gi wier an en Alibi hätt kënne virbréngen (eng Juegd a Frankräich, op där hien, wat vun anere bestätegt gouf, invitéiert war). Och eng ADN-Prouf war geholl ginn, där hiert Resultat negativ war. D'Conclusioun vum Communiqué war: Il résulte de ce qui précède que l'enquête effectuée permet de conclure que le Prince Jean de Luxembourg n'est pas impliqué dans les attentats à l'explosif d'une façon ou d'une autre.

Dëse Communiqué huet fir eng Kontrovers a Justizkreesser gesuergt. Besonnesch den Affekot Gaston Vogel huet dëst eng Violatioun vum Principe de l'Egalite des citoyens devant la loi pénale genannt.

D'Pressekonferenz vum 25. November 2007: Läit d'Léisung an der Äntwert op d'Fro Cui prodest?[änneren | Quelltext änneren]

De 25. November 2007, op engem Sonndegmoien, huet de Procureur d'Etat vum Parquet Lëtzebuerg, Robert Biever, iwwerraschend eng Pressekonferenz ageruff. Op dëser ass e laang op déi eenzel Attentater agaangen, huet fir d'éischt Kéier verschidde Faite bestätegt, wéi z. B., datt et Bréiwer, ënner anerem Erpresserbréiwer vun den Täter gouf. Virun allem awer huet en d'Enquête beschriwwen, an d'Konklusiounen zu deene se komm wier: Datt eng ganz Rëtsch Indizie dorop géifen hiweisen, datt d'Täter, op d'mannst en Deel vun hinnen, an de Forces de l'ordre selwer, méi genee an der Brigade mobile, ze siche wieren.

Nëmme Leit mat zolittem "Insiderwëssen" hätte kënnen déi ganz Attentatsserie plangen an duerchféieren. Dorop hätt och d'Profil vun den Täter higedeit (ë. a., datt se offensichtlech net un de Suen intresséiert waren, déi an den Erpresserbréiwer gefuerdert goufen). Weider Indizie hu sech aus der Fro Cui prodest - Wiem notzt et? ofleede gelooss: Well villes drop hindeit, datt et bei den Attentater drëm goung, ze demonstréieren, wéi hëllef- a muechtlos d'Uerdnungskräfte wieren, an op politeschen an ëffentlechen Drock hin de Budget fir Gendarmerie a Police an de Joren duerno massiv an d'Luucht goung, soudatt sech hir personell a materiell Situatioun verbessert huet, kéint een unhuelen, datt dat ee vun den Haaptmotiver war. "Falluntersuchungen", déi vum däitsche Bundeskriminalamt a vum FBI op Demande vun der Staatsanwaltschaft gemaach gi waren, hunn déi Theesen ënnermauert.

Weider huet de Robert Biever confirméiert, datt zwéi fréier Membere vun der Brigade mobile deen Dag virdru verhéiert an inculpéiert gi waren. Si wieren awer, well keng Gefor bestéing, datt se kéinte fortlafen, nees op fräiem Fouss. Perquisitioune bei deene Persoune wieren och scho virdru gemaach ginn.

De 27. November 2007 goufen déi zwou inculpéiert Persounen, trotz Présomption d'innocence, mam vollem Numm an der éischter Editioun vun der Gratiszeitung Point24 genannt.

De 5. Dezember 2007 huet de Robert Biever virun der juristescher Chamberscommissioun ausgesot, datt en eng Uklo wéinst versichtem Muerd gemaach hätt, dat wéinst der Sprengfal ("Boobie trap"), déi am Juli 1985 op Aasselscheier geluecht gi war. Ausserdeem huet e vun enger Ausspionéierung vum Ben Geiben, dem fréiere Chef vun der Brigade mobile rapportéiert, déi vun der Gendarmerie a vum Geheimdéngscht gemaach gi wier, ouni datt den Untersuchungsriichter dovu wousst.

Déi zwou beschëllegt Persounen hunn den 11. Dezember iwwer hiren Affekot Gaston Vogel matdeele gelooss, si géifen déi géint si erhuewe Beschëllegungen ofstreiden.

...oder bestinn Zesummenhäng mat Stay Behind ("Gladio")?[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stay Behind.

D'Niewenaffär ëm d'Suspensioun vu Reuland a Stebens[änneren | Quelltext änneren]

An engem Bréif vum 24. Januar 2008 un de Justizminister Luc Frieden huet de Procureur d'État Robert Biever seriö Reprochen iwwer d'Net-Anhale vu strofrechtleche Prozedure bei der Observatioun vun engem deemools Verdächtege geäussert. Hie wërft der Groupe d'Observation et de Recherche (GOR), déi am Zesummenhank mat der Bommeleeëraffär op d'Bee gestallt gouf, vir, si hätt 1984 Ermëttlunge gemaach, ouni datt, wéi dat hätt misse sinn, de Procureur doriwwer informéiert gouf, wat de Biever als "afin de rester poli on dira que c'est extraordinaire" beschriwwen huet. D'Untersuchungsriichterin wier eréischt 2004 fir d'éischt dovu gewuer ginn.

De Justizminister Frieden huet doropshin den 30. Januar 2008 an der Chamber ugekënnegt, de Pierre Reuland, Generaldirekter vun der Police an deemools Chef vun der Brigade mobile de la Gendarmerie, an de Guy Stebens, deemools Commandant adjoint vun der Brigade mobile a Chef vum GOR, "well déi noutwenneg Serenitéit vun der Policeaarbecht a Fro gestallt wier", vun hire Funktiounen als Generaldirekter, respektiv Generalsekretär vun der Police, déi se bis dohin haten, z'entbannen.

Den 1. Prozess[änneren | Quelltext änneren]

2013-2014

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Den 2. Prozess[änneren | Quelltext änneren]

Den 2. Prozess steet nach aus. Den 12. Juli 2019 huet den Untersuchungsriichter Ernest Nilles néng Persounen, dorënner de Charles Bourg, Aloyse Harpes, Pierre Reuland, Armand Schockweiler a Guy Stebens, déi fréier héich Posten an der Gendarmerie haten, beschëllegt, Mattäter a Komplize vun alle sechs Attentater ze sinn, déi no deem op de Justizpalais, den 19. Oktober 1985, nach gemaach goufen.[1]

De Bommeleeër a Literatur a Konscht[änneren | Quelltext änneren]

Well sou laang d'Auteure vun den Uschléi net bekannt waren, ass d'Figur vum "Bommeleeër" och literaresch 'verschafft' ginn:

Am Joer 2007 goufen zwou Episode[2] vun der d'Kuerzfilm-Serie "De Bommeleeër" vun der lëtzebuergescher Filmproduktiounsfirma Pyrrhus Movie productions produzéiert. Et handelt sech ëm eng Slapstick-Komedie déi d'Affär op d'Schëpp hëlt a se mat reelle Faite vun haut an deemools mëscht. D'Serie wëllt d'Aart a Weis a Fro stellen, wéi d'Affär ënnersicht gouf a gëtt. Et si véier Episode virgesinn, déi jeeweils tëscht 6 an 9 Minutten daueren. Parallel leeft d'Produktioun vun engem Kinofilm.

2014 koum e Videoclip mam Numm De Bommeleeër vum Charles Dormans eraus.<ref>op YouTube

Dokumenter[änneren | Quelltext änneren]

Matdeelung vum Parquet vum 22. Februar 2006[änneren | Quelltext änneren]

A propos de l'affaire "Bommeleeër"
Communiqué du Parquet de Luxembourg

Le 9 novembre 2005 les chaînes de radio et de télévision de RTL ont diffusé dans leurs programmes en langue Luxembourgeoise l'interview d'un "témoin anonyme" soutenant avoir identifié dans la matinée du 9 novembre 1985, vers 03.30 heures, une personne dans une voiture devant la porte de l'aéroport du Findel près du château d'eau se situant à l'intersection de la route de l'Europe et la route de Trêves. La porte en question se situe à plus de 450 mètres des lieux où des explosions devaient se produire le même 9 novembre peu après 22.00 heures, attentat à l'explosif qui est à attribuer au groupe non identifié à ce jour des " Bommeléerten ".

Le témoin ajoutait que dans la suite il avait fait l'objet de pressions de la part de personnes se déclarant être membres de la Sûreté Publique pour qu'il ne révèle jamais le nom de la personne qu'il déclarait avoir vu dans la voiture.

Intervention du Premier Ministre

Finalement, le témoin déclara dans une interview à RTL du 11 novembre 2005 que Monsieur le Premier Ministre était la seule personne en qui il avait confiance et à qui il confierait le nom de la personne reconnue par lui aux lieu, date et heure indiqués ci-avant. Monsieur le Premier Ministre accepta de rencontrer le témoin le 14 novembre 2005 et lors de cet entretien le témoin affirma avoir vu dans les circonstances prédécrites dans la voiture en question S.A.R. le Prince Jean de Luxembourg.

Dans la matinée du 15 novembre 2005 Monsieur le Premier Ministre transmit l'information au Procureur d'Etat, lequel continua l'information par écrit à Madame le juge d'instruction Directeur.

Dès le 15 novembre 2005 Madame le juge d'instruction Directeur confiait aux enquêteurs en charge du dossier la mission de recueillir les déclarations du témoin et de vérifier celles-ci.

Le 9 décembre 2005, S.A.R. le Prince Jean de Luxembourg fut auditionné par la police judiciaire. Selon les déclarations du Prince Jean de Luxembourg, qui a collaboré avec les autorités judiciaires, il se trouvait en France à une chasse dans le Loir et Cher à la date indiquée par le témoin. Pour les journées des 9 et 10 novembre 1985 il produit une copie d'une lettre du 11 novembre 1985 lui adressée à l'époque et qui fait état de cette même chasse. Il produit une attestation testimoniale de la part de l'auteur de la lettre, qui confirme l'authenticité et l'envoi de celle-ci au jour de sa date. Le Prince Jean de Luxembourg verse en outre une attestation testimoniale émanant d'une personne ayant pris part à la dite chasse et confirmant sa présence à cette chasse en date des 9 et 10 novembre 1985. Cette attestation est accompagnée de photos prises à l'occasion de la chasse, le Prince Jean de Luxembourg figurant sur plusieurs de ces photos. Finalement, l'intéressé fait communiquer à Madame le juge d'instruction Directeur l'original du livre de chasse comprenant les inscriptions relatives à la chasse susindiquée ; le Prince Jean de Luxembourg figure parmi les personnes inscrites à la chasse.

Tous les éléments qui précèdent permettent de conclure que le Prince Jean de Luxembourg ne se trouvait pas au Luxembourg en date du 9 novembre 1985, date de l'attentat à l'explosif au Findel.

L'enquête diligentée à la suite des déclarations du témoin a permis de constater qu'en novembre 1985 un enquêteur de la Sûreté Publique avait pris contact avec le témoin et avait recueilli ses informations sous forme d'une note au dossier, il est vrai non signée par le témoin.

Les déclarations actuelles du témoin faites devant les enquêteurs de la police judiciaire et Madame le juge d'instruction Directeur divergent sur certains points de celles actées au dossier en 1985 ; ainsi, la note au dossier ne renseigne pas d'identification de la personne ayant pris place dans la voiture ; la description du physique de cette personne et l'identification et la couleur de la voiture données actuellement divergent des données actées en 1985 ; il y a par ailleurs une incertitude au sujet de l'heure de la constatation des faits par le témoin.

L'enquête a d'autre part permis de constater qu'il existe des divergences entre les déclarations actuelles du témoin et les éléments objectifs du dossier, notamment en ce qui concerne les conditions météorologiques en date du 9 novembre 1985 et les horaires de son travail.

Il reste que le témoin a confirmé devant les enquêteurs du Service de police judiciaire et Madame le juge d'instruction Directeur avoir reconnu le Prince Jean de Luxembourg au cours de la matinée du 9 novembre 1985 près du Findel dans les conditions prédécrites. En ce qui concerne les pressions dont le témoin affirme avoir fait l'objet, si de nombreux devoirs d'enquête ont été effectués, ceux-ci n'ont cependant pas permis à ce jour de déterminer ce qui s'est réellement passé ; ce volet de l'enquête est toujours en cours.

Dans le cadre de l'enquête, des vérifications ont par ailleurs été faites en ce qui concerne l'emploi du temps du Prince Jean de Luxembourg au cours des années 1983 à 1986, notamment pour les dates des autres attentats à l'explosif commis au cours des années 1984 à 1986. Si pour un certain nombre de dates, l'intéressé n'est plus en mesure de retracer son emploi du temps en raison de l'écoulement du temps, il a pu être établi que pour d 'autres dates, le Prince Jean de Luxembourg soit se trouvait à l'étranger, soit prenait part à des activités documentées au Luxembourg.

Le Prince Jean de Luxembourg a marqué son accord à ce qu'un prélèvement ADN soit effectué sur sa personne en vue de la comparaison de ce prélèvement avec des traces prélevées dans le cadre des crimes en question. Le résultat de l'expertise ordonnée par Madame le juge d'instruction Directeur est négatif.

Le Prince Jean pas impliqué

Conformément aux critères habituellement appliqués en matière d'appréciation des indices et des témoignages, dans le cadre d'une instruction judiciaire, Madame le juge d'instruction Directeur a décidé, eu égard aux éléments du dossier, de ne pas donner de plus amples suites à cette piste.

Il résulte de ce qui précède que l'enquête effectuée permet de conclure que le Prince Jean de Luxembourg n'est pas impliqué dans les attentats à l'explosif d'une façon ou d'une autre.

Depuis la commission des attentats à l'explosif au cours des années 1984 à 1986, l'instruction pénale destinée à en identifier les auteurs n'a à aucun moment été abandonnée. Il a été et est toujours dans l'intention des autorités judiciaires de mener cette affaire à son terme. Pour ce faire, les autorités judiciaires ont notamment décidé en 2002 de procéder, à l'aide du groupe d'enquêteurs du Service de police judiciaire chargés spécialement de l'enquête des attentats à l'explosif, à une nouvelle analyse de tous les éléments du dossier et d'enquêter sur d'éventuels éléments nouveaux.

Actuellement, l'instruction est toujours en cours.

Luxembourg, le 22 février 2006
Le Parquet de Luxembourg

Interview mam Maître Gaston Vogel[änneren | Quelltext änneren]

No der Publikatioun vum Communiqué vum Parquet huet den DNR en Interview mam Maître Gaston Vogel gefouert. RTL huet als Reaktioun op den DNR Interview mam Gaston Vogel dat heiten opgezeechent:

Gaston Vogel: Déi ganz Operatioun ass malhabile, 1000 mol malhabile. Hm... ech verstinn iwwerhaapt net dee Komportement vum Procureur, ech mengen de Procureur huet gehandelt op e politeschen Uerder. Dat ginn... där Impressioun ginn ech net lass. Ech sinn 43 Joer Affekot, ech hunn nach ni gesinn, datt an enger Enquête pénale déi mëtten am Cours ass, eng Persoun déi am Zentrum vun der Attentioun steet entlaascht gëtt an de Juge d'Instruction seet, ech halen op géint deen z'enquêtéieren. Dat hunn ech nach net erlieft. Muss een also da Prënz sinn, dat heescht, vun enger catégorie supérieure par Rapport zu deenen anere Bierger fir datt dat do geschitt? Dat nennen ech eng onerhéiert Sauerei! Iwwregens ass dee Communiqué jo onerhéiert... t'ass iwwerhaapt, et huet kee Wuert dat, gellt? T'ass net ze qualifizéieren. T'ass eng Violatioun vum Secret d'Instruction, domat geet et un, gellt? Wann de Procureur d'Etat an de Juge d'Instruction dorénavant kee Secret de l'Instruction méi kennen, jo da froen ech mech wuer mer hikommen. Dee steet awer am Code d'Instruction criminelle, gellt? An da wat, t'ass jo lamentabel, e Communiqué - eh - vun Entlaaschtung erauszeginn 20 Joer no de Fait'en... 20 Joer no de Faiten, dat ass jo onerhéiert! Wa jo och lo net de Mérite vun der Press, d'Mérite vun RTL zum Beispill gewiescht wier, déi Affär opzewiermen, géif jo kee Mënsch méi dovu schwätzen. An elo natierlech, lo komme se neméi derlaanscht an da ginn där Communiqué'e gemaach vun Entlaaschtung. Dee Mann ass vläicht total innocent, je n'e sais rien, mä da muss ee waarde bis d'Enquête fäerdeg ass a bis en - eh - en non-lieu kritt huet vun der Chambre du Conseil an da kann een deen non-lieu ëffentlech maan. Mä net mëtten an der Instructioun, et gesäit dach awer komesch aus. Mir géif dat net passéieren. Als Bierger. Ech géif - eh - ech géif net entlaascht ginn, kënn der sécher sin.
Frank Kuffer: Dat heescht de Prënz Jean ass lo offiziell onschëlleg a wäiss gewäsch, oder?
Gaston Vogel: Ech - eh - weess net ob dee Mann eppes domat ze dinn huet oder näischt domat ze dinn... dat eenzegt wat ech weess, en ass am Gespréich an en ass also potentiellement inculpéiert oder jiddenfalls misst en inculpéiert ginn a fir dee Mann wäiss ze wäsche misst en non-lieu kommen, iwwer d'Chambre du Conseil a vläicht och iwwer d'Chambre du Conseil vun der Cour d'Appel an da wier dat eng propper transparent Léisung. Mä dat do ass näischt! An dat ass eng Violatioun vum Principe de l'Egalite des citoyens devant la loi pénale, gellt, well iech géif dat do net passéieren, mir net a kengem.
Frank Kuffer: De Gaston Vogel huet awer och um DNR gesot, datt hien net sécher ass, ob de Prënz Jean och elo an den Ae vun der Populatioun onschëlleg ass.
Gaston Vogel: Dat ass jo eeben eng kromm Geschicht, also - eh - den - eh - Bierger deen dat do nolauschtert, deen dat do observéiert, dee ka jo nëmme ganz schlecht Gefiller hun.... Ech hunn de Moien, ech hunn och eng - ehhm -... ech hunn em Procureur och gesot wat ech vu sengem Communiqué halen. Ech hunn em gesot et wier äusserst malhabile, äusserst malhabile... well nämlech dir wësst jo wéi d'Leit dobausse sinn. Déi liesen dat do lo an da soe se: ohh wann e sou e Communiqué muss kommen - eh - fir de Prënz - eh - Jean z'entlaaschten, da wäert schonn iergendeppes faul sin. Dat ass nämlech d'Impressioun, déi de Communiqué mécht.... De Robi Biever dat ass e ganz gescheiten an en intègren an en... ganzen intègre Procureur. A wann de Robi Biever dat do gemaach huet - eh - dat - eh - also dat kann ech net begräifen, dee point de vue intellectuel datt en dat do gemaach huet a wann en et gemaach huet dann huet e warscheinlech en Uerder kritt an dann hat en en Tort fir deen Uerder ze respektéieren. An dat ass meng Meenung. Ech weess net wat dee Mann, ob dee Mann schëlleg ass oder net, mä jiddenfalls dat wat et... mat deem Mann de Moment gedriwwe gtt, fir en z'entlaaschten, ass méi belaaschtend wéi entlaaschtend.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • De "Bommeleër" 1985 - 1990. Souvenirs de A.K., Erënnerunge vun engem deemolege Cegedel-Direkter
  • Steve Remesch, Eric Hamus, 2013, Et war net keen - Das Buch zum Bommeleeër-Prozess, 128 S., Éditions Saint-Paul, ISBN 978-2-87963-925-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Steve Remesch: "Bommeleeër-Ermittlungen: Abgeschlossen und doch nicht." wort.lu, 25. 02. 2020.
  2. D'Kuerzfilm-Serie "De Bommeleeër" kann um Site bommeleeer.lu gekuckt ginn.