Bonneville (Marskrater)

Vu Wikipedia
Bonneville (Marskrater)
De Krater Bonneville. Iwwersiichtsfoto duerch de Mars Global Surveyor.
Eegenschaften
Regioun am Krater Gusev
Koordinaten 14° 36' S, 175° 30' O
Duerchmiesser 210 m
Déift 14 m
Entdecker Spirit-Rover
Genannt nom Lake Bonneville

De Bonneville-Krater ass en Aschlagskrater um Planéit Mars mat 200 m am Duerchmiesser. Hie läit am 150 km grousse Krater Gusev.

De Bonneville gouf am Joer 2004 vum Spiritrover ugefuer, woubäi eenzegaarteg Biller op d'Äerd geschéckt goufen. D'Wëssenschaftler hate gehofft, datt dëse Marskrater déif genuch wier, fir Grondgestengs ze fannen. Leider gouf déi Hoffnung mat den éischte Biller vum Krater zerschloen. De Krater hat weider näischt anescht opweises wéi déi selwecht Steng, déi och baussenzeg vum Krater leien. Sou gouf de Rover Spirit no Osten op d'Columbia-Hills weiderbeweegt. Déi Plaz wou de Spirit seng Stellung beim Krater bezunn hat, gouf als The Hole Point bezeechent.

Op der Iwwersiichtsfoto sinn d'Positioune vum Rover Spirit, sengem Lander, de Fallschierm, d'Hëtztschëld (Heat Shield Impact), d'hënnescht Hëtztschëld (Backshell) an der hannerloossener Spuer (Track) markéiert.

De Rover huet vis-à-vis vu senger Positioun um Bonneville d'Hëtzschëld fotograféiert, dat d'Landesond no hirem Antrëtt an d'Marsatmosphär ofgesprengt hat. Dat hellt wäiss-blot Liichte vum Schëld stécht an der komplett orange-rouder Ëmgéigend besonnesch eraus.

De Krater ass nom Lake Bonneville genannt, e prehistoresche Séi am US-Bundesstaat Utah. Vill Krateren an der Ëmgéigend vum Bonneville goufen och no verschiddene Gewässer genannt. Sou leie nërdlech vun him Vanda (~100 m, no engem äisbedeckte Séi an der Antarktis), Baikal (~100 m, nom Baikalséi a Russland), Turkana (~150 m, nom Turkana-Séi am Ostafrikanesche Gruef) an Huron (~200 m, nom Huronséi an Nordamerika) a westlech vun him Missoula (nom Gletscherséi Lake Missoula an de Rocky Mountains) an Lahontan (nom prehistoresche Lake Lahontan, deen a Kalifornien an am Nevada louch), déi béid lescht goufe vum Spirit besicht.

D'Bezeechnung vum Krater ass bis elo nach net vun der I.A.U. bestätegt ginn.

Panorama[änneren | Quelltext änneren]

Panoramusiicht vum Bonneville-Krater, riets d'Columbia Hills, um Horizont am lénksen Drëttel zur Mëtt zou gesäit een och d'Hëtztschëld
Panoramusiicht vum Bonneville-Krater, riets d'Columbia Hills, um Horizont am lénksen Drëttel zur Mëtt zou gesäit een och d'Hëtztschëld


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie