Bonobo (Film)

Vu Wikipedia
Bonobo
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Produktiounsjoer 2009
Première 2009
Dauer 19 min
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Jacques Molitor
Dréibuch Jacques Molitor
Fotografie Jean-Louis Schuller
Musek Daniel Balthasar
Produzent FraKas
Fabrique d'Images
Schauspiller
Cédric Eeckhout - Régis
Anaël Snoek - Laura
Jean-Jacques Rausin - Bruno
Laure Roldan - Céline
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Bonobo ass e Kuerzfilm op 35 mm vum Lëtzebuerger Regisseur Jacques Molitor. De Film hat de 17. Juni 2009 Première am Utopolis um Kierchbierg, zesumme mam Christian Neuman sengem Film "Time for new heroes".

D'Musek huet wéi scho bei En compagnie de la poussière den Daniel Balthasar komponéiert.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

No der Trennung vu senger Frëndin Laura verfält de Régis ëmmer méi an eng Depressioun an Isolatioun. Wéi hien e Film iwwer Bonobo-Mënschenafe montéiert, triede Kontraster an och Parallelen tëscht den Afen hirer utopescher Gesellschaft a sengem eegene Liewen op...

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

" Bonobo confirme bel et bien le talent de Jacques Molitor pour la mise en scène mais nous laisse sur notre faim à cause d'un scénario sans réel intérêt (...) Rien à redire quant à l'exécution technique, même si les images de Jean-Louis Schuller n'égalent pas celles de Tommaso Fiorilli dans son précédent court-métrage. Pourtant, on ne peut s'empêcher de penser qu'après le captivant En compagnie de la poussière, on s'attendait à autre chose, sans doute à plus d'audace!"

Anne-Laure Letellier, Le Jeudi, 25. Juin 2009

Festival-Selektiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Juni 2009 - Paräis, Le Court en dit Long (Erëffnungszeremonie)
  • November 2009 - Bréissel, Festival du Film Indépendant

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

"Bonobo" gouf am Abrell 2010 um franséische Sender France 2 diffuséiert, am Kader vun der Theemennuecht "Rupture, mode d'emploi".

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]