Op den Inhalt sprangen

Bordunmusek zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: Definitioun feelt

Borduninstrumenter

[änneren | Quelltext änneren]

Zu de sougenannte Borduninstrumenter gehéieren als wichtegst Vertrieder d'Dréileier, déi och op Lëtzebuergesch Dullemajik genannt gëtt, an den Duddelsak. Déi zwee Instrumenter sinn och am lëtzebuergesche Folklor déif verwuerzelt a goufe bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert nach op Kiermessen an anere folkloristeschen Evenementer gespillt. De Guy Schons huet d'Geschicht vun der Dullemajik zu Lëtzebuerg a sengem Buch „Feuertanz und Firlefanz“ dokumentéiert. Den Duddelsak gouf och zu Lëtzebuerg gespillt. Bei der Maclotte, engem folkloristesche Bauerendanz, goufen typesch Melodien um Duddelsak gespillt.

Et fënnt een an den Archive vill Biller, oder Kofferstéch, déi Duddelsakspiller weisen. An de Soen an an de Geschichte liest een, mol hei mol do, iwwer e „Sackpfeifenspieler“, sou zum Beispill an der Mär vum „Heupfeifer von Schönfels“ aus der Mierscher Géigend. Béid Instrumenter sinn awer am Ufank vum 20. Joerhonnert aus der musikalescher Traditioun zu Lëtzebuerg verschwonnen.

Zu Lëtzebuerg gouf et kee wierklech eegenen Typ vun Duddelsak. Gréisstendeels kann ee soen, datt Lëtzebuerg an d'Belsch de selwechten Duddelsak haten. Et ass eng Mëschung vun enger däitscher Schéiferpäif an engem franséische Béchonet, deen haut als „Breughel“-Duddelsak bekannt ass. Deen Duddelsak gëtt an der Belsch erëm méi gebaut, wou et och eng laang Duddelsaktraditioun gëtt, déi och Lëtzebuerg a seng fréier Provënze wéi Arel, Marche oder Durbuy betrëfft.

Bordunmusek haut

[änneren | Quelltext änneren]

Haut gëtt et zu Lëtzebuerg e puer Gruppen, déi probéieren, déi al Borduninstrumenter erëm populär ze maachen, an och am Gebrauch hunn. Déi éischt Gruppe ware wuel Dullemajik vum Guy Schons an déi lëtzebuergesch Folkband „Vun tuuten a bloosen“, zu deenen och de Pit Vinandy eng Zäit gehéiert huet. Haut ass et virun allem d'Grupp D'Lompekréimer, déi déi al traditionell Lëtzebuerger Stécker a Bauerendänz mat Duddelsak an Dréileier arrangéiert an och selwer vill Stécker komponéiert. Den Oliver Kayser an de Pit Vinandy déi dës Grupp gegrënnt hunn, spillen och de Breughel-Duddelsak. D'Grupp Clanrock huet och den Duddelsak am Repertoire a spillt vill al Lëtzebuerger Lidder. Zu där Grupp gehéieren och déi zwéi vun de Lompekréimer.

  • Schons, Guy, 2004, Feuertanz und Firlefanz: Luxemburger Fest- und Alltagskultur in Mittelalter und früher Neuzeit, Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg, 380 S.