Boris Johnson

Vu Wikipedia
Boris Johnson
Gebuertsnumm Alexander Boris de Pfeffel Johnson
Gebuer 19. Juni 1964
New York
Nationalitéit USA, Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Eton College,
Balliol College
Aktivitéit Journalist, Politiker
Partei Konservativ Partei

Den Alexander Boris de Pfeffel Johnson, gebuer den 19. Juni 1964 zu New York City, ass e brittesche Publizist, Politiker (Conservative Party).

Hie war vun 1989 bis 1994 Korrespondent vum Daily Telegraph zu Bréissel, a vun 1999 bis 2005 Editeur vun der konservativer Zäitschrëft The Spectator. Hie war vun 2001 bis 2008 a vun 2015 bis 2019 Deputéierten am House of Commons. Vu Mee 2008 bis Mee 2016 war hie Buergermeeschter vu London, a vu Juli 2016 bis Juli 2018 britteschen Ausseminister.

Den Johnson huet, virum Referendum vum 23. Juni 2016 Kampagne fir den Austrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der Europäescher Unioun ("Brexit") gemaach, gouf awer net, wéi vun him erhofft, Nofollger vum David Cameron, mee Ausseminister an der Theresa May hirer Regierung. No där hirem Récktrëtt gouf hien den 23. Juli 2019 zum neie President vun der Conservative Party gewielt, an deen Dag drop vun der Queen zum neie Premierminsiter ernannt.[1]

De 7. Juli 2022 huet hie säi Récktrëtt ugekënnegt, nodeems bannent e puer Deeg Dosende vu Regierungsmemberen ais Protest hiren Hutt geholl haten, op Grond vun enger Serie vu Skandaler, wou den Johnson bei eppes erwëscht gouf, wat verbuede war a wouriwwer e sou laang gelunn huet, bis et net méi anescht goung wéi et zouzeginn. Besonnesch seng Participatioun u Partyen am Regierungssëtz (Downing Street 10) wärend dem Lockdown an der Corona-Epidemie, 2021, huet ville batter erpogestouss. De 5. September 2022 gouf d'Liz Truss als seng Nofollgerin gewielt.

De Schlussrapport vun eng parlamentarescher Enquêtëkommissioun, deen zu der Konklusioun komm ass, datt den Johnson d'Parlament belunn hat, wéi en zu senger Participatioun bei deene Partye Stellung geholl hat, huet dozou gefouert, datt en den 12. Juni 2023 och als Deputéierten zeréckgetrueden ass.

E puer Deeg drop krut en e Kontrakt vun der Zeitung Daily Mail fir do all Samsdeg e Leitartikel ze schreiwen.


Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boris Johnson – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Grossbritannien lässt sich auf ein riskantes Abenteuer ein, In: NZZ.ch, 23. Juli 2019.