Op den Inhalt sprangen

Bosneschen Dinar

Vu Wikipedia
Bosneschen Dinar
Typ fréier Wärung
Land Bosnien an Herzegowina
ISO-Code BAD
Zentralbank Zentralbank vu Bosnien an Herzegowina
Agefouert 1992
Ofgeschaaft 1998
ersetzt Jugoslaweschen Dinar
ersat mat Konvertibel Mark

De Bosneschen Dinar (BAD) war vun 1992 bis 1998 déi offiziell Wärung vu Bosnien an Herzegowina.

1 Dinar war an 100 Para ënnerdeelt.

Nom Zerfall vu Jugoslawien a wéinst der Gefor vun enger Hyperinflatioun gouf 1992 de Bosneschen Dinar als offiziell Wärung am Bosnienkrich agefouert. Do déi néi Wärung d'Hyperinflatioun net stoppe konnt, gouf eng zweet Serie am Verhältnis vun 10.000 alen Dinar zu 1 neien Dinar gemaach.

Bis bei d'Kopplung un d'Däitsch Mark, war déi zweet Serie stabil.

De Bosneschen Dinar gouf allerdéngs nëmmen an de Gebidder benotzt, an deenen d'Bosnesch Arméi d'Kontroll hat. An de Gebidder, déi vu Kroatie kontrolléiert goufen, gouf d'Kroatesch Kuna benotzt an an de Gebidder, déi vun der Republik Srpska kontrolléiert goufen, gouf de Republik-Srpska-Dinar benotzt.

Et goufe keng Mënzen fir d'Wärung.

De Bosneschen Dinar gouf 1998 duerch d'Konvertibel Mark ofgeléist.

 Commons: Bosneschen Dinar – Biller, Videoen oder Audiodateien