Op den Inhalt sprangen

Boulevard Joseph-II

Vu Wikipedia
Boulevard Joseph-II
Offiziellen Numm Boulevard Joseph-II
Ënnerhal vu(n) Administration des ponts et chaussées
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1840
Koordinaten 49°36'39,701"N, 6°7'12,000"O
Morphologie
Längt 920 m
Geschicht
Genannt no Joseph II.

De Boulevard Joseph-II ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Avenue Marie-Thérèse a Richtung Norde bis bei de Boulevard de la Foire op der Héicht vun der Glacis-Kapell.

D'Strooss krut hiren Numm als Undenken un de Joseph II., den eelste Jong vun der Maria Theresia, dee Keeser vum Hellege Réimesche Räich a vun 1780 un och Herzog vu Lëtzebuerg war[1].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Kaiser Josefstraße”[2].

Laanscht de Boulevard leien ë. a. dës Gebaier:

 Commons: Boulevard Joseph-II – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Evy Friedrich, 1984. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 16: 26-27
  2. Luxemburger Wort 1940-10-04, S. 3, Nr. 278: Die neuen Straßennamen.
    Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32