Boulevard Prince-Henri (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
  • Element vun der Lëscht mat Punkten
Boulevard Prince-Henri
Lëtzeb. Numm Prënzerénk
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1724
Koordinaten 49°36'42,4"N, 6°7'27,0"O
Morphologie
Längt 830 m
Héicht i. M. 303 m
Geschicht
Genannt 21. Juli 1877
Genannt no Henri vun Oranien-Nassau

De Boulevard Prince-Henri ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Avenue Jean-Pierre-Pescatore a Richtung Südweste bis bei d'Avenue Marie-Thérèse.

D'Strooss ass beim Schleefe vun der Festung ugeluecht ginn[1]. Se krut 1877 hiren Numm als Undenken un de Henri vun Oranien-Nassau (Prënz Hari), deen nom Doud vu sengem Papp, dem Kinnek Wëllem II. vun Holland, 1850 vu sengem Brudder Wëllem III. zum prince-lieutenant vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ernannt gouf[2].

Um Boulevard stinn nëmmen op der lénkser (ongerueder) Säit Haiser, op der aner Säit ass op der ganzer Längt de Stater Park; d'Strooss kräizt ë. a. d'Avenue Amélie vis-à-vis vun där am Park eng Statu vun der Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach, der Fra vum Prënz Hari steet.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boulevard Prince-Henri (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Boulevard du Prince Henri an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg op www.archives-vdl.findbuch.net, gekuckt de 17. Februar 2020
  2. Henri Beck, 1994. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 46: 32