Boulevard Voltaire (Paräis)

Vu Wikipedia
11 Arrt
Boulevard Voltaire
Arrondissement 11. Arrondissement
Quartier(en) Folie Méricourt
Saint-Ambroise
Roquette
Sainte-Margueritte
De Bd. Voltaire, vun der Place de la Nation aus

De Boulevard Voltaire ass e Boulevard zu Paräis, am 11. Arrondissement, tëscht der Place de la Nation an der Place de la République. En ass schnouerriicht a gëtt, net zulescht wéinst de grousse Plazen (mat symboleschen Nimm) u béiden Enner, gär benotzt, fir grouss Manifestatiounen driwwer zéien ze loossen.

En ass knapps 3 km laang a gouf ënnert dem Napoleon III. no de Pläng vum Barong Haussmann ugeluecht, dunn ënnert dem Numm Boulevard du Prince-Eugène, zu Éiere vum Napoleon III. sengem Monnonk Eugène de Beauharnais. De 25. Oktober 1870 gouf en nom Philosoph a Schrëftsteller vun de Lumières, Voltaire, ëmgenannt.

D'Märei vum 11. Arrondissement steet ongeféier op hallwer Längt vum Boulevard, op der Gafel mam Boulevard Parmentier, op der Place Léon Blum (virdrun: Place Voltaire).

D'Linn 9 vum Paräisser Metro leeft op senger ganzer Längt ënner dem Boulevard Voltaire.

D'Märei vum 11. Arrondissement op der Héicht vun der Place Léon Blum

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boulevard Voltaire (Paris) – Biller, Videoen oder Audiodateien