Boulevard de Kockelscheuer

Vu Wikipedia
Boulevard de Kockelscheuer
Numm fr: Boulevard de Kockelscheuer
Längt 2.530 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gaasperech
Zéisseng
Postcode 1821
Koordinaten 49° 34’ 51.9’’ N
      06° 07’ 16.5’’ O

De Boulevard de Kockelscheuer ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg déi vum Rond-point Gluck iwwer de Gaasperecher Bann an d'Cloche d'or bis hannert d'Beetebuerger Strooss op d'Escher Strooss féiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Deel tëscht dem Rond-point Gluck an der Rue Émile Bian ass zanter August 2017 fir de Verkéier op. De leschten Deel, bis bei den nationale Foussballsstadion an doriwwer eraus bis bei d'Beetebuerger Strooss, gouf den 11. November 2019 a Betrib geholl. Dat war méiglech, wéi och d'Bréck iwwer d'Autobunn fäerdeg war, déi tëscht Summer 2018 an Hierscht 2019 gebaut gi war.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bréck vum Boulevard de Kockelscheuer.

Op sengem südëstleche Verlaf, vun der Kräizung vun der Rue Albert-Einstein bis bei de Stadion, ass an der Mëtt e Bett fir d'Schinne vun der Linn T1 vum Stater Tram, déi 2022-2023 geluecht goufen.

D'Strooss krut den Numm vum fréiere Chemin de Kockelscheuer, enger Strooss déi - ier d'Diddelenger Autobunn gebaut war - vu Gaasperech op d'Kockelscheier gefouert huet.

Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau krut de Boulevard de Statut vu enger Nationalstrooss (N4A)[1].

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boulevard de Kockelscheuer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.
  2. "Centre national d'incendie et de secours" op gouvernement.lu (fir d'lescht gekuckt den 21. Februar 2016)
  3. "«Ouf !», la construction du campus francophone est lancé." wort.lu, 23.02.2015.
  4. "2.450 employés déménagent." wort.lu, 25.09.2014 (fir d'lescht gekuckt den 21. Februar 2016)