Boulevard de Kyiv

Vu Wikipedia
Boulevard de Kyiv
Um Boulevard de Kyiv a Richtung Norden
Ënnerhal vu(n) Administration des ponts et chaussées
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Bouneweg-Süd
Deel vun Nationalstrooss 40
Koordinaten 49°35'35,66"N, 6°8'12,80"O
Geschicht
Genannt 15. Juli 2022
Genannt no Kyjiw

De Boulevard de Kyiv ass eng Strooss am Quartier Bouneweg-Süd vun der Stad Lëtzebuerg.

De Boulevard huet säin Ufank ëstlech vun der Jean-Pierre-Büchler-Bréck, wou e vun der Diddenuewener Strooss aus a Richtung Süde fortgeet. Tëscht der CFL-Busgarage am Westen an der Tramsstreck leeft e laanscht de Pôle d'échange Lycée Bouneweg a stéisst op der Grenz mat der Gemeng Hesper op de Rangwee.

D'Nationalstrooss 40 féiert driwwer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Stater Schäfferot huet de 15. Juli 2022 decidéiert der neier Strooss, déi parallel mat der Tramsstreck gebaut an am Summer 2022 opgaangen ass, no der ukrainescher Haaptstad ze nennen.

An der Begrënnung fir de Choix vum Odonym heescht et, dëst wär e Symbol vu Solidaritéit, Engagement an Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Haaptstad fir d'ukrainescht Vollek géintiwwer dem Ugrëff vu Russland op d'Ukrain deen net ze toleréiere wier[1].

Allerdéngs war den ursprénglech erausgesichten Numm "Boulevard de Kiev". Well d'Stad sech awer selwer "Kyiv" schreift (an der Transkriptioun vum ukrainesche Київ) an de russeschen Numm "Kiew" net gär gesinn ass, gouf dat deen Dag drop rektifizéiert[2].

Den Deel vum Boulevard tëscht der Diddenuewener Strooss am Norden an der Tramsstatioun „Lycée Bouneweg“ (rue de Neufchâteau) gouf den 31. Juli 2022 opgemaach[3] an den 18. August 2022 offiziell ageweit[4]. De leschten Deel vun der Strooss, bis op d'Limitt vun der Gemeng, ass den 12. Mäerz 2023 opgaangen[5].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boulevard de Kyiv (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Ville de Luxembourg, La N3/N40 portera désormais le nom de « Boulevard de Kiev ». www.vdl.lu (20.07.2022). Gekuckt de(n) 20.07.2022.
  2. "Municipality backtracks to name new road 'Boulevard de Kyiv'." rtl.lu, 22.07.2022.
  3. "Éischten Deel vum Tronçon vun der N40 geet e Sonndeg op." rtl.lu, 28.07.2022.
  4. Dévoilement du panneau routier du « Boulevard de Kyiv » | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2022-08-18.
  5. (fr)Trafic Info - Chantier Rangwee à partir du 12.03.2023. vdl.lu. Gekuckt de(n) 08.03.2023.