Op den Inhalt sprangen

Bow River

Vu Wikipedia
Bow River
Längt 587 km
Debit 129 m³/s
Fläch vum Anzuchsgebitt 26.200 km²
Haaptnieweflëss Cascade, Elbow, Johnston Creek, Kananaskis, Spray, Highwood, Pipestone

De Bow River ass e 587[1] Kilometer laange Floss an der kanadescher Provënz Alberta.

Säi Quellegebitt läit an de kanadesche Rocky Mountains am Norde vum Banff-Nationalpark, wou en aus dem Bow Lake erausleeft. Dëse gëtt sengersäits mam Waasser aus dem Bow-Gletscher gespeist. De Bow River leeft ufanks 80 km a südsüdëstlecher Richtung duerch d'Bierger. Da béit en no Osten of a leeft laanscht d'Stiedche Banff, wou en an de Bow Falls 10 Meter fält, ier en dann d'Gemeng Canmore erreecht. Um Bord vun de Rocky Mountains gëtt de Floss zum Ghost Lake ogestaut. E leeft dann duerch d'Stad Cochrane an dono duerch d'Agglomeratioun vu Calgary.

Weider geet et an ëstlecher Richtung duerch d'Prärielandschaft vun Alberta. Beim Grassy Lake vereenegt e sech schliisslech mam Oldman River zum South Saskatchewan River.

De Bow River ass wichteg fir d'Bewässerung, d'Gewanne vun Energie an als Drénkwaasserressource. En ass och e wichtege Biotop an deem eng ganz Rëtsch Fëschaarte virkommen, wéi Reeboufrellen, Baachfrellen, Stéierfrellen (Salvelinus confluentus), an nach eng jett aner.

Wichteg Nieweflëss

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Bow River – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Bow River - Canada, Map, History, & Facts op britannica.com, gekuckt 30.09.2024