Bréck op der Frankemillen

Vu Wikipedia
Bréck op der Frankemillen
Plaz wou déi fréier Bréck stoung
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz LUXLUX Rouderssen
DEUDEU Dasburg
Flosskilometer 34,70
Koordinaten 50° 02’ 31.1’’ N
      6° 08’ 00.4’’ O
Chronologie
Baujoer 1894
Zerstéiert 1944
Funktioun
Benotzt als Foussgängerbréck
Féiert iwwer Our
Technesch Detailer
Bréckentyp Stee
Totallängt ± 20 m
Material Holz
Ënnerhalt Mëller vun der Frankemillen



Ronn 900 Meter südlech vun der Bréck vun Doosber steet eng 50 m vum lénksen Uwänner vun der Our eng Millen déi op de Kaarten als Frankmühle agezeechent ass.

1893 huet de Mëller Johann Holper deen zu Rouderssen gewunnt huet, de Buergermeeschter vun Doleeden ëm Erlabnes gefrot fir kënnen tëscht der Millen a Rouderssen eng Bréck ze bauen, well hie soss ëmmer en Ëmwee vun enger décker Stonn huet misse maache fir op d'Millen ze kommen.

D'Regierung zu Tréier huet mat dem Averständnes vu Lëtzebuerg, mat Bezuch op de Staatsvertrag vun 1816 d'Erlabnes gi fir d'Bréck opzeriichten.

D'Bréck gouf mat Holz gebaut. Doduerch konnt de Mëller, deen nieft der Millen och eng Seeërei bedriwwen huet, d'Käschte sou niddreg wéi méiglech halen, an en hat och ëmmer genuch Material, fir d'Bréck ze flécken, wa se bei engem Héichwaasser beschiedegt gouf. Se stoung um Flosskilometer 34,70, nieft der Plaz wou schonn zanter ëmmer eng Fuert iwwer d'Our gefouert huet, a wou och op der Roudersser Säit eng Plaz amenagéiert war, wou d'Véi saufe konnt.

D'Bréck gouf am Zweete Weltkrich zerstéiert an duerno net méi opgeriicht. Se gouf vill als Schläichwee benotzt, well op der Doosber Bréck huet missen eng Maut bezuelt ginn.

Den Tëschegrenzsteen op der Lëtzebuerger Säit, do wou d'Bréck stoung

D'Plaz wou d'Bréck stoung ass haut mat den Tëschegrenzsteng 50D a 50L markéiert. Net wäit dovu féiert d'Waasserleitung fir d'Uertschafte Rouderssen, an Uewer- an Ënnereesbech ënner der Our erduerch. Déi Uertschafte gi wéinst engem Vertrag deen déi fréier Gemeng Housen mat dem Äifelkrees Béibreg-Prüm hat, vum Kreeswaasserwierk vu Béibreg beliwwert.

Hir Nopeschbrécke waren déi Zäit d'Bréck vun Doosber (flossop) an d'Bréck vun Eesbech (flossof).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bréck op der Frankemillen – Biller, Videoen oder Audiodateien