Bréck vu Réimech

Vu Wikipedia
Bréck vu Réimech
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz Réimech
Nennig
Koordinaten 49° 32’ 35.75’’ N
      06° 22’ 13.39’’ O
Funktioun
Benotzt als Strossebréck E29
Féiert iwwer Musel
Technesch Detailer
Bréckentyp Cantilever
Totallängt 288,90 m
Felder/Béi 26,60 m - 25,30 m - 3 × 51,00 m - 24,00 m
Breet 10,50 m
Héicht 6 m (fräi Héicht)[1]
Material virgespaante Bëtong
Bemierkungen
Opgaangen 1959

D'Réimecher Bréck ass eng Bréck iwwer d'Musel, tëscht der lëtzebuergescher Uertschaft Réimech, an der däitscher Uertschaft Nennig. Se gouf 1959 gebaut, an et ass déi zweet Bréck zanter 1866.

Et ass eng vu fënnef Brécken iwwer d'Musel tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Déi aner véier Brécke sinn:

D'Bréck wéi den Nico Klopp se 1925 gesinn huet.

D'Bréck vun 1866[änneren | Quelltext änneren]

Déi al Réimecher Bréck vun 1866 war eng Boubréck mat néng Béi déi am Stee gebaut war an eng Längt vun 250,95 Meter hat. D'Béi hate vu Pilier zu Pilier all Kéier 22 Meter, D'Fuerbunn war 5 m breet an op all Säit war en Trottoir deen e bësselche méi héich wéi Fuerbunn war. D'Bréckegelänner war aus Fer forgé.

Déi Bréck huet eng Pont ersat déi schonn am Weistum vu Réimech a vum Haff Réimech am Joer 1462 ernimmt gëtt. Do geet rieds dovun datt ee Brigang, deen d'Pont erreecht huet, dorop 6 Wochen an dräi Deeg Asylrecht hat. Déi Pont gëtt den 13. August 1804 an engem Dekreet ernimmt an deem d'Tariffer fir Ponten am Département des Forêts festgesat goufen. Ongeféier 100 Meter flossofwäerts vun der haiteger Bréck gouf et fréier och eng Fuert, déi bei Niddregwaasser konnt benotzt ginn, an déi fréier wichteg fir de Grenzverkéier war. Op béide Säite vun der Fuert stounge Grenzsteng. Den däitsche Grenzsteen N° 5 ass haut nach um Lieu - dit Rothhaus ze gesinn.

1863 hat den Nicolas Gonner deen deemools Kantonalpiqueur[2] zu Réimech war, a senger Broschür déi fir de Gemengerot vu Réimech gemaach gouf, op d'Wichtegkeet vun enger Bréck higewisen, besonnesch well lëtzebuergesch Wënzer déi Säit der Musel Akerland haten.

No laange Verhandlunge mat Preisen, a Gedeessems mat der preisescher Arméi déi verlaangt huet, datt op de Bréckekäpp sollte Sprengkummeren ugeluecht ginn, war et endlech sou wäit datt den 11. August 1863 an der Gemeng Réimech dem Housse säi Plang fir eng Bréck ze bauen ugeholl gouf. D'Freed war net vu laanger Dauer. E puer méi dichteg Leit an der Verwaltung hate Bedenke géint dem Housse säi Plang, an eng Kommissioun huet d'Pläng missen nokucken. Déi huet prompt den Devis an de Plang verworf, an den Eisebunnsingenieur vum Wëllem, den Oscar Belanger, domat chargéiert en neie Plang mat Devis opzestellen. Deen huet eng Bréck mat néng Béi proposéiert, wéi se déizäit gängeg bei den Eisebunne waren, an d'Konstruktioun sollt 330.000 Frang kaschten. D'Plaz an der Musel op enger décker Muschelkallekschicht gouf bäibehalen. Dee Plang gouf den 23. Mäerz 1865 ugeholl, an de 24. huet d'Gemeng d'Aarbechten ausgeschriwwen,[3] an den Dikrecher Entreprener, Pierre-Joseph Vanderaiken, krut den Zouschlag, an d'Bréck sollt den 31. Dezember 1866 fäerdeg sinn. Duerch d'Cholerasepidemie déi et 1866 zu Lëtzebuerg gouf, där och de Vanderaiken zum Affer gefall war, koum et zu en ettlech Problemer. D'Bréck konnt awer 1866 fäerdeg ginn.

D'Bréck gouf den 9. Juli 1867 a Presenz vum Prënz Hary ageweit.

De Pontebetrieb gouf zougemaach an de Passeur P.Kieffer krut eng Indemnitéit vu 506 Frang.

Duerch en Arrêté Grand-ducal war d'Gemeng Réimech déi de Bréckebau finanzéiert hat autoriséiert ginn eng Maut opzehiewen.[4] De 5. Oktober 1866 gouf an der Gemeng Réimech iwwer d'Héicht vun der Maut ofgestëmmt, an d'Strofe goufe festgeluecht. Duerno gouf d'Konzessioun fir d'Maut opzehiewen, fir all Kéier dräi Joer versteet. Vun 1939 un, gouf kee Bréckegeld méi opgehuewen.

D'Bréck gouf am Zweete Weltkrich am September 1944 vun däitschen Truppe gesprengt, nodeem d'Offensiv vun den Amerikaner ëmmer méi no un d'Musel koum. Nom Enn vum Krich bis zum Bau vun der haiteger Bréck goufen déi 4 zerstéiert Bréckebéi op der Lëtzebuerger Säit mat enger provisorescher hëlze Bréck ersat, déi d'amerikanesch Pionéiertruppe mat Holz aus dem Oregon gebaut haten. An de Joren 1958-59 huet eng Pont d'Verbindung tëschent Lëtzebuerg an Däitschland gemaach. Et konnt ee gratis matfueren, awer bei den Uleeplazen war eng Douaneskontroll.

Déi haiteg Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Déi nei Bréck vun 1959 ass eng Cantilever-Breck där hir Dunnen a variabler Héicht sinn. Si ass 228,90 Meter laang a besteet aus 6 Felder mat follgende Spanwäiten: 26,60 m - 25,30 m - 3 × 51,00 m - 24,00 m.

Den Tablier ass aus virgespaantem Bëtong, an d'Dunne leien op Pilieren aus arméiertem Bëtong.

Tëscht Ouschteren a Juni 1983 gouf d'Bréck eng éischt Kéier sanéiert a vum 11. Mee 2009 bis de 27. Oktober 2009 war se wéinst Reparaturen, déi de Landesbetrieb für Strassenbau Saarland gemaach huet, komplett fir de Verkéier gespaart.[5]

Grenz[änneren | Quelltext änneren]

Déi al Bréck war vun nom Éischte Weltkrich un op béide Säite mat Douniere besat, fir déi och op Déngschtgebaier opgeriicht goufen. Beim Bau vun der neier Bréck goufen d'Douanesgebaier vun den zwee Länner op der däitscher Säit opgeriicht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bréck vu Réimech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bei Héchstwaasserstand
  2. Kantonalpiquer war déizäit d'Bezeechnung fir de Responsabele fir d'Gemengeweeër an engem Kanton. Déi Funktioun war 1844 mam Gesetz iwwer d'Gemengeweeër Loi du 12 juillet 1844 sur les chemins vicinaux. agefouert ginn. 1874 gouf se nees ofgeschaaft.
  3. Luxemburger Wort Nr. 72 vum 26. Mäerz 1865
  4. Mémorial 1866 Säit 198
  5. Pont frontalier à Remich op der Websäit vu Ponts & Chaussées