Bréck vu Wuermeldeng

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 49° 36’ 25.92’’ N 06° 24’ 14.27’’ O
Muselbréck vun der Wuermer Säit gesinn
D'Bréck vun der däitscher Säit gesinn
D'Bréck vum Wuermerbierg gesinn
D'Bréck iwwer d'Uewermuselstreck ass d'Fortsetzung vun der Muselbréck op däitscher Säit

D'Bréck vu Wuermeldeng ass eng Bréck iwwer d'Musel tëscht den Uertschafte Wuermeldeng zu Lëtzebuerg a Wincheringen an Däitschland. Zu Lëtzebuerg féiert se um Uwänner vun der Musel iwwer d'Nationalstrooss 10, an an Däitschland féiert d'Opfaartsramp mat enger sonnerer Bréck iwwer d'Eisebunnsstreck Diddenuewen-Tréier (Uewermuselstreck), déi de 15. Mee 1878 fir de Verkéier opgoung.

Den Uschloss un d'Bréck gëtt zu Lëtzebuerg vum CR122B gemaach an an Däitschland vun der Landesstrooss L134 déi do en Uschloss un d'B419 huet.

Et ass eng vu fënnef Brécken iwwer d'Musel tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Déi aner véier Brécke sinn:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Bis zum Bau vun der éischter Bréck gouf de Persounen- a Wuerentransport iwwer d'Musel duerch eng Fär assuréiert. Fir d'Bedreiwe vun der Fär gouf vun der Gemeng eng Pacht verlaangt. Sou war z.B. d'Pacht kuerz virum Bau vun der Bréck 1.500 Frang d'Joer.[1] Nom Bau vun der Bréck war och do e Piechter zoustänneg, vun de Benotzer vun der Bréck eng Tax ze verlaangen.

Den 18. November 1880 gouf vun der Wuermeldenger Gemeng de Bau vun enger Muselbréck decidéiert an der Hoffnung datt se grad wéi d'Gemeng vu Gréiwemaacher vum Staat ënnerstëtzt géife ginn.

Den 21. September 1884 huet de Gemengerot bekannt gemaach, datt déi preisesch Regierung hir prinzipiell Zoustëmmung fir de Bau vun der Bréck ginn hat. Et gouf doropshin dofir ofgestëmmt, eng stole Bréck ze bauen, déi nëmmen 170.000 Frang kascht huet, am Géigesaz zu enger aus Stee fir 200.000 Frang. Trotzdem gouf de 15. Mäerz 1886 aus verschiddene Grënn de Bau vun enger stengener Bréck decidéiert a gläichzäiteg e Subsid vun 100.000 Frang ugefrot. Nodeems duerch e Gesetz vum 28. Abrëll 1886 vun der Regierung e Subsid vu 75.000 Goldfrang accordéiert war huet de Gemengerot sech den 13. Mee 1886 definitiv awer fir de Bau vun enger Bréck aus Stol decidéiert.

De 27. Juni 1887 goufen d'Aarbechte fir d'Eisekonstruktion un den Entreprener Eugen Müller vu Lëtzebuerg verginn, d'Aarbechte vum Mauerwierk mat den Zoufaartsrampe goufen un den Entreprener Nikolaus Eich vu Laser verginn.

Den 21. Mäerz 1889 huet de Gemengerot eng Demande gemaach, wéinst der Muselbréck aus Sécherheetsgrënn zu Wuermeldeng eng Gendarmeriestatioun anzeriichten. Den 30. Juli 1889 goufen d'Taxe fir de Bréckeverkéier an de Bau vun engem Wiechterhaischen decidéiert. Déi goufe bis 1940 bezuelt.

Den 11. Februar 1890 war d'Bréck fäerdeg a gouf den 12. fir de Verkéier fräiginn.[2] Den 30. Juni 1890, op Kiermesméindeg, gouf d'Bréck ageweit.[3]

Et war eng Cantileverbréck déi op zwéi Flosspiliere stoung. D'Feldwäite waren: 20,50 - 66,00 - 20,15 Meter.

D'Bréck gouf am Zweete Weltkrich den 1. Oktober 1944 beim Réckzuch vun den däitschen Truppe gesprengt.

Déi haiteg Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Bréck ass vun 1964 an ersetzt d'Bréck vun 1890, déi am Zweete Weltkrich zerstéiert gouf. De Bau vun der Bréck war 1960 vun der Firma Cotralux ugefaange ginn a se gouf den 23. Mee 1964 a Presenz vum Éierestaatsminister Bech an dem Verkéiersminister Schaffner ageweit, nëmmen dräi Deeg virun der Aweiung vun der Kanaliséierung vun der Musel.

D'Bréck, déi mat virgespaantem Bëtong gebaut gouf, ass och eng Cantileverbréck a steet um Flosskilometer 222,15, ronn honnert Meter flossop vun der aler Bréck a besteet aus dräi Felder vu 25,50 - 73,50 a 25,50 Meter. Dat mëttels Feld läit op zwéi Flosspilieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Ruppert, P.: Le Grand-Duché de Luxembourg dans ses relations internationales, Lëtzebuerg 1892.
  • Ruppert, P.: Législation des Travaux Publics de l'Etat et des Communes, des Mines et des Chemins de Fer dans le Grand-Duché de Luxembourg, Lëtzebuerg 1876.
  • Weber, Heinrich Theodor; - Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0, Säit 375-394, 1997.

Broschüren an Aufsätz[änneren | Quelltext änneren]

  • Schneider, A.: Vom Bau der Moselbrücke Wormeldingen an der Broschür 1850-1950 Société Chorale Grand-Ducale Sainte Cécile Wormeldange, S. 115-118, 1950.
  • Seywert, N.: 250 Jahre Pfarrei Wormeldingen, 1968, mam Artikel Einweihung der Wormeldinger Brücke", S. 65
  • Müller, R.: 100 Jor Wormer Bréck, 29 Juni 1990.
  • Reuland, Will: Wormeldingen und seine Brücken...., in: An der Uucht 23, Jg 1969.
  • Thill, R.: Von Pont-à-Mousson bis Koblenz, in LA MOSELLE, Schwéidsbeng 1958.

An der Press[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bréck vu Wuermeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lieserbréif géint de Bau vun der Bréck am Luxemburger Wort vum 4. Mäerz 1887
  2. Weber an der Literatur
  3. Müller, R; 100 Jor Wormer Bréck. 29. Juni 1990