Brasserie nationale

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Brasserie Nationale)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Beer wuerzburger hofbraue v.jpg Dëse Brauereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Brasserie Nationale zu Nidderkäerjeng (Mäerz 2008).
Ze gesinn op engem vun de Gebaier vun der Brauerei.

DBrasserie nationale (Anc. Brasseries Funck-Bricher et Bofferding) ass eng Lëtzebuerger anonym Gesellschaft mat Sëtz zu Nidderkäerjeng déi Béier produzéiert, an och aner Geschäfter am Zesummenhang mam Gedrénkshandel mécht. Si ass 1975 aus der Fusioun vun de Brauereie Bofferding a Funck-Bricher als Brasserie nationale s.à r.l. entstanen. Déi aktuell Brasserie nationale gëtt et no verschiddenen Ännerungen, zanter 1998. Déi Ännerunge waren eng aner Gesellschaftsform - aus der sàrl gouf et eng S.A - a verschidde Statuttenännerunge souwéi 1998 d'Opdeelung an zwou Gesellschaften, eng déi sech ënner dem Numm Brassim nëmmen ëm d'Immobilie bekëmmert an déi aktuell Brasserie nationale (Anc. Brasseries Funck-Bricher et Bofferding) déi sech exklusiv ëm d'Gedrénksproduktioun an de Gedrénkshandel bekëmmert.

Geschicht vun de Brauereien[änneren | Quelltext änneren]

Bofferding[änneren | Quelltext änneren]

D'Brasserie Bofferding gouf am Joer 1842 vum Jean-Baptiste Bofferding gegrënnt. Zanter 1856 huet Brauerei Bofferding sech, trotz der grousser Konkurrenz vun anere Brauereien an der Regioun (Uewerkäerjeng, Esch-Uelzecht, Déifferdeng, Lëtzebuerg…asw.), op der zéngter Plaz vun am Ganze 35 zu där Zäit aktive Brauereien zu Lëtzebuerg, mat enger Produktioun vun 16.000 hl klasséiert. Nom Doud vum Jean-Baptiste Bofferding, hu seng Jonge Léon (Braumeeschter) an Emile (Geschäftsmann) d'Féierung vum Familljebetrib iwwerholl. D'Brauerei ass séier gewuess an et gouf ëmmer nees bäigebaut. D'Produktioun war am Joer 1929, virun der grousser Welt-Kris, schonn op 82.000 hl Béier.

An de Joren 1927 bis 1930 huet d'Brauerei eng ganz Rei nei Equipementer kritt, déi stänneg bis an d'Zäit nom Krich verbessert goufen, mat ënner anerem engem neie Brausall mat Maschinne fir ze killen a fir Äis ze fabrizéieren.

1948 ass eng nei Fläschefëllanlag bäikomm an d'Fässer aus Holz sinn no an no mat Fässer aus Aluminium ersat ginn.

Vun 1962 bis 1973 sinn d'Produktiounszuelen nees bis op 70.000 hl an d'Luucht gaangen, .

1971 huet de Prënz Charel déi nei Béchsen-Offëll-Anlag ageweit.

Am Joer 1974, sinn déi meescht Installatioune komplett ersat ginn, wéi z. B. de Brausall, d'Fläschenanlag an anerer méi. Ënner anerem krut d'Brauerei eng Maschinn fir d'Fässer ze spullen, ze steriliséieren an ze fëllen.

Enn der 1980er Joren ass eng Gas-Chaudière, an Ufank der 1990er fënnef nei Gärbidde mat enger totaler Kapazitéit vu 458.000 l, installéiert ginn.

Funck-Bricher[änneren | Quelltext änneren]

D'Brasserie Funck-Bricher gouf am Joer 1764 gegrënnt. D'Brauerei stoung deemools an der Plaetisgaass

Battin[änneren | Quelltext änneren]

D'Brasserie nationale haut[änneren | Quelltext änneren]

2013 huet d'Brasserie nationale 161.200 Hektoliter Béier produzéiert, dat sinn der 1.400 méi wéi 2012.[1].

Hir Filial Munhowen bekëmmert sech ëm de Verkaf vun de Produkter an d'Verwaltung vun der Brauerei.

Administrateur délégué ass de Georges M. Lentz Jr a Generaldirekter de Fréderic de Radiguès.[1]

Béier[änneren | Quelltext änneren]

  • Bofferding Lager Pils
  • Hausbéier
  • Christmas Béier
  • Gréngen Antigel
  • Bofferding Primeur (fréier: Freijoersbéier)

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1996 Grand Prix DLG
  • 2002 Prix de l'Environnement pour l'Industrie pour Merlin
  • 2002 Prix Européen de l'Environnement

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gambrinus Bruderschaft: Onse Be'er ass gudd!, 1993, Éditions Schortgen, 160 S., ISBN 2-87953-010-5

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brasserie nationale – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]