Amphitheater Breechkaul

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Breechkaul)
Amphitheater Breechkaul
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bäerdref
Koordinaten 49° 48’ 56.3’’ N
      06° 21’ 30.7’’ O
Opgaangen 1979

Den Amphitheater Breechkaul ass eng vum Mënsch geschafen Hiel an der Gemeng Bäerdref. Se läit südlech vun der Uertschaft, an engem Hank fir erof bei d'Äsbech, am Ufank vum Bësch, eng 400 m südlech vum CR364.

Et war eng Briechkaul wou, grad wéi vis-à-vis an der Huel Lee zënter dem Mëttelalter Millesteng aus de Sandsteefielse gebrach goufen. Den Numm "Breechkaul" wier awer drop zeréckzeféieren, well do bis zum Enn vum 19. Joerhonnert Fluess gebrach gi wier.[1]

1979 huet d'Gemeng Bäerdref an engem Bou virun der Hiel Gradine mat Bänken installéiert, fir sou en Amphitheater, fir Concerten oder Theaterstécker an engem aussergewéinleche Kader, ze hunn.[2]

Sou hat z. B. de Kënschterkollektiv MASKéNADA do 1995 seng éischt Produktioun mat Mäcbess, enger Adaptatioun vum William Shakespeare sengem Macbeth, déi de Jean-Michel Treinen op lëtzebuergesch iwwersat hat.[3]

Den Amphitheater gëtt och mol fir reliéis Feiere benotzt:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Steyer an der Literatur.
  2. Amphitheater Breechkaul op visitluxembourg.com
  3. maskenada.lu
  4. Den Amphitheater op berdorf-tourist.lu Archivéiert op 2014-05-24. Gekuckt de(n) 2020-09-29.
  5. Steyer Edmond, Entstehung des Amphitheater "Breechkaul" Archivéiert op 2021-09-18. Gekuckt de(n) 2020-09-29.