Bricherhaff (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Bricherhaff
Aussprooch
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Koordinaten 49° 37’ 40.2’’ N
      06° 09’ 49.2’’ O

Bricherhaff ass e fréiere Bauerenhaff an e Lieu-dit um Weimeschhaff an der Stad Lëtzebuerg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Domaine vum fréiere Bricherhaff, en Terrain vun ongeféier 1,17 Hektar, läit tëscht der Rue des Muguets an dem Huesegrëndchen. Um südleche Bord laanscht den Terrain, verbënnt d'Bricher Gässel déi zwou Stroosse mateneen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De fréieren Haff ass haut d'Residenz vum hollänneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg.

E prominente Bewunner vum Bricherhaff war vun 1953 bis 1955 de Jean Monnet, sengerzäit den éischte President vun der „Héijer Autoritéit“ (Haute Autorité de la Communauté européenne du charbon et de l'acier). 1986 gouf eng Gendenkplack bei der Agankspaart ubruecht[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bricherhaff (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. [1] „Das aktuelle Bild“, d'Lëtzebuerger Land Nr. 16 vum 18. Abrëll 1986, Säit 2