Brichermillen (Mutfert)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Brichermillen
Brichermillen Mutfert-001.jpg
D'Brichermillen, Mäerz 2013
An anere Sproochen de: Brüchermühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Coat of arms contern luxbrg.png Konter
Buergermeeschter Marion Zovilé-Braquet (CSV)
Koordinaten 49° 34’ 13.2’’ N
06° 13’ 53’’ O


D'Brichermillen ass eng fréier Millen a Lieu-dit an der Gemeng Konter. Se läit un der Sir, op enger Héicht vun 264 Meter op der Grenz vun de Gemenge Konter, Weiler zum Tuerm an Duelem. Dolaanscht féiert den CR132 vu Siren op Mutfert.

E puer Honnert Meter nordëstlech vun der Mille läit de Bricherhaff. Béid Gebaier gehéieren demselwechte Proprietär.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Mille gëtt fir d'éischt 1689 schrëftlech ernimmt, et gëtt awer ugeholl datt op där Plaz scho laang virdrun eng Mille stoung. D'Millen huet e puermol de Besëtzer gewiesselt an ass sou och ëmgebaut a vergréissert ginn. Zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert gehéiert se der Famill Hemmen.

Bis 1913 gouf d'Energie mat Waasserkraaft gewonnen, duerno gouf mat Elektresch geschafft. Bei enger Explosioun gouf d'Gebai 1944 schwéier beschiedegt an ass duerno an der haiteger Form nei opgebaut ginn. De Millebetrib gouf 1975 agestallt, zanterhier sinn do Wunnengen ageriicht.

Den Numm Bricher kënnt vum däitsche Wuert Bruch oder och Bruchwald, wat ee suppege Bësch ass.

Wanderweeër[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer d'Brichermille féiert de Circuit auto-pédestre Nummer 1, den interkommunale Wanderwee Konter / Weiler zum Tuerm an den Natur-Kulturpad Konter-Siren.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • De Panneau bei der Millen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brichermillen (Mutfert) – Biller, Videoen oder Audiodateien