Brigade d'intervention musicale

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Brigade d'intervention musicale war tëscht 1995 an 2006 eng lëtzebuergesch Museksgrupp vu véier bis fënnef Museker, dee vum Luciano Pagliarini geleet gouf. Saxophon, Tromm a Gittar waren déi gängeg Instrumenter.

D'Museker vun der Brigade d'intervention musicale sinn a faarwege Kostümer opgetrueden; d'Grupp huet gréisstendeels Partisane-Lidder aus dem Zweete Weltkrich, awer och lëtzebuergesch traditionell Melodië gespillt, an dat an enger Kombinatioun vun Arrangement an Improvisatioun.

Charakteristesch fir d'Museksgrupp war virun allem d'musekalesch "Intervention", well déi 4 Museker sech mat hire gréisstendeels politesch lénksgeriichte Songen (z. B. D'International) ëmmer nees ënner d'Vollek gemëscht hunn. Munnechmol hate se d'Leit mat eegewëllegen Jazz-Jam-Sessions iwwerrascht, oder deem engen oder aneren e Ständche matt engem extra Tusch gehalen.

2006 war der Brigade hire leschten Optrëtt.