Brigade mobile vun der Gendarmerie

Vu Wikipedia

D'Brigade mobile vun der Gendarmerie (BMG) war déi Unitéit an der Gendarmerie grand-ducale déi ausgebilt an zoustänneg war fir besonnesch geféierlech Asätz, wéi zum Beispill Befreiung vu Geiselen, Vehaftung vu méi geféierleche Verdächtegen, asw. Si gouf 1979 gegrënnt.

Am Kader vun der Fusioun vu Police (Lëtzebuerg) a Gendarmerie grand-ducale ass och d'Brigade mobile mat hirem Pendant an der Police, dem Groupe d'intervention de la police an der Unité spéciale de la police opgaangen.