Britesch Inselen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Britesch Inselen an Europa

D'Britesch Inselen (englesch: British Isles) sinn eng Inselgrupp am Nordmier am Nordweste vun Europa. Nieft den zwou Haaptinsele Groussbritannien an Irland gehéieren am Ganzen eng 6.000 Insele mat enger Gesamtfläch vun 315.134 km² zu der Inselgrupp.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Britesch Inselen reeche vun de Scilly Inselen am Süde bis op d'Shetland Inselen am Norden, a vun de Blasket Inselen am Weste bis Lowestoft Ness am Osten. D'Haaptinsele Groussbritannien an Irland sinn emgi vun enger grousser Zuel vu méi oder manner groussen Archipelen an Inselgruppen. Déi wichtegst dorënner sinn:

  • d'Nërdlech Inselen (Northern Isles) virun der Nordostküst vu Schottland, mat den zwou Haaptgruppen Orkney a Shetland
  • d'Insel Wight (Isle of Wight) virun der Südküst vun England
  • d'Scilly Inselen (Scilly Isles) virun der Südwestküst vun England

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Politesch gesi bestinn d'Britesch Inselen aus deenen onofhängegen Natiounen Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland (United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland)) an der Republik Irland (englesch Republic of Ireland, Iresch Eire), an aus der Britescher Kroundependence Insel Man (Isle of Man) déi net Deel vum vereenegte Kinnekräich ass.

D'Vereenegt Kinnekräich an d'Republik Irland si Membere vun der Europäescher Unioun, mä d'Insel Man net.