Brittesch Kuerzhoer

Vu Wikipedia
Eng 1 Joer al British-Blue
Eng 1 Joer al British-Blue

D'Brittesch Kuerzhoer (en.: British Shorthair) ass eng Kazerass, déi zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert bekannt ass an zanter ongeféier 100 Joer geziilt geziicht gëtt. Si hunn e kuerzen, dichte Pelz, deen a Faarf a Musterung variéiere kann.

Originnen[änneren | Quelltext änneren]

D'Brittesch Kuerzhoer stame vu Kazen of, déi mat de Réimer am 1. Joerhonnert v. Chr. op d'brittesch Insele bruecht goufen. Am 19. Joerhonnert ass hir Rass definéiert ginn, an d'Zuucht huet ugefaangen. An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert ass hir Beléiftheet zeréckgaangen, ma zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich klëmmt d'Nofro erëm.[1]

Ausgesinn[änneren | Quelltext änneren]

Faarwen a Musterunge variéiere jee no Zuucht

Faarwe variéiere vun zaartlila (engl.: lilac) iwwer blo bis crème (beige); schwaarz oder wäiss mat Musterunge sinn och méiglech, jee no Ziichter. D'Musterunge variéiere vun unis, iwwer zwee-faarweg bis getigert, fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen.[2] Besonnesch beléift si schwaarz/wäiss getigert a 'British-Blue' Kazen.
De Pelz ass dicht, mat kuerzen Hoer an enger dichter Ënnerwoll. De Pelz ass net ze douce a steet wéinst der Ënnerwoll och e bëssen op. De Kapp ass déck, mat volle Baken a meeschtens gielen oder gréngen Aen. D'Nues ass relativ kuerz, d'Ouere sti relativ wäit auserneen.[3]
De Kierper ass kompakt, dat heescht, breet an net ze laang, a steet op relativ décke Been déi d'Gewiicht droe mussen: ausgewuessen Exemplairë kënnen tëscht 4–5 kg (Mudderen, steriliséiert) an 9–10 kg (Kuederen, net kastréiert) erreechen.

Temperament[änneren | Quelltext änneren]

Eng British-Blue beim 'loungen'

Als Hauskaze si Brittesch Kuerzhoer un d'Zesummeliewe mam Mënsch gewinnt an doen de Mënsch sech op si astellen. Et ass eng relativ roueg a relax Rass vu Kazen, déi kee Problem hu fir am Haus ze bleiwen. Si sinn net allze usprochsvoll un hiren Environnement, a siche sech zimmlech all méiglech an onméiglech Plazen aus, vu wou si hir Besëtzer an deenen hir Aktivitéiten am A behalen. Ma wa si Loscht ze spillen hunn, doe si hir Besëtzer dat haart wëssen, a scheien dann och viru schmusen an aneren Taktiken net zeréck.
Si gi mat anere Brittesch Kuerzhoer oder Kaze mat engem änlechen Temperament gutt eens.
Brittesch Kuerzhoer spille gär an hunn nei Spillsaachen oder Reizer gär. Bengele mat Rëselen drun eegene sech grad sou wéi kleng Bäll oder änleches. Wa se spillt, gëtt eng Brittesch Kuerzhoer richteg aktiv a ka sech laang mat enger Spillsaach beschäftegen, besonnesch wann de Besëtzer oder d'Besëtzerin matspillt. De Kontakt mam Mënsch besteet haaptsächlech aus deene Momenter; ma och wann hiert Iesse preparéiert gëtt oder wa si geheemelt wëlle gi, wësse si hir Besëtzer op sech opmierksam ze maachen. Trotzdeem bleift et eng Rass, déi manner gär kuschelt, wéi mat de 4 Patten um Buedem geheemelt ze ginn. Et si virwëtzeg Kazen, déi all oppen Dier a Klapp ënnersichen an all nei Persoun, déi si begéinen, ënner d'Lupp huelen.
Wéinst hirer Intelligenz an hirer Ëmgänglechkeet sinn eng Rei Kazen a Filmer oder Publicitéiten opgetrueden.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brittesch Kuerzhoer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. |Breed Article: British Shorthair |2010-02-24 |Cat Fanciers' Association Archivéiert op 2008-11-01. Gekuckt de(n) 2010-02-24.
  2. |Breed Standard: British Shorthair |2010-02-24 |Cat Fanciers' Association Archivéiert op 2010-06-13. Gekuckt de(n) 2010-02-24.
  3. |British Blue Cats Physical Characteristics |2010-02-24 |Blueshorthaircats.com Archivéiert op 2011-07-25. Gekuckt de(n) 2010-02-24.