Brot und Spiele

Vu Wikipedia
Gladiatorekämpf am Amphitheater

Brot und Spiele (Brout a Spiller) ass de gréisste réimesche Festival an Däitschland deen zanter 2002 all Joer zu Tréier, der eelster Stad vun Däitschland, organiséiert gëtt.

De Festival gëtt an zwéin historesche réimesche Baute gehalen: am Amphitheater an an de Keeserthermen. Am Amphitheater gi Gladiatorekämpf nogespillt, an an de Kaisertherme gëtt d'militärescht an d'zivilt Liewe vun de Réimer presentéiert. 2006 gouf dëse Festival beim Concours "Deutschland - Land der Ideen" ausgezeechent.

2007 war Brout a Spiller en offizielle Bäitrag zum Program vun der europäesch Kulturhaaptstad 2007 Lëtzebuerg a Groussregioun, an ass vum 10. bis 12. August gaangen. Inhaltlech war de Konstantin de Groussen e wichtege Schwéierpunkt.

2008 geet Brout a Spiller vum 15. bis de 17. August. Déi nei Inszenéierung beschäftegt sech mat engem alen Tréierer Mythos: dem däitleche Konkurrenzkampf tëscht dem Constructeur vum Amphitheater an dem Constructeur vum Aqueduc.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brot und Spiele – Biller, Videoen oder Audiodateien