Bryan Forbes
Ausgesinn
Bryan Forbes | |
---|---|
Gebuer | 22. Juli 1926 |
Gestuerwen |
8. Mee 2013 Grofschaft Surrey |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Regisseur |
Member vun | WGA West |
Famill | |
Bestuet mat | Nanette Newman, Constance Smith, Constance Smith |
De Bryan Forbes, gebuer als John Theobald Clarke den 22. Juli 1926 zu Stratford a gestuerwen den 8. Mee 2013 zu Virginia Water (Surrey) war en englesche Filmregisseur, Dreibuchauteur, Filmproduzent a Schauspiller.
De Bryan Forbes huet seng Filmkarriär am Joer 1949 als Schauspiller am Film The Small Back Room vum Michael Powell an Emeric Pressburger ugefaangen. Säin éischte Film als Regisseur huet hien am Joer 1961 gedréint. Bekannt Filmer vun him sinn: Whistle Down the Wind (1961) mam Bernard Lee,The L-Shaped Room (1962) mat der Leslie Caron, King Rat (1965) mam Tom Courtenay an The Stepford Wives (1975).
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- 1949: The Small Back Room vum Michael Powell an Emeric Pressburger
- 1952: Flesh and Fury vum Joseph Pevney
- 1952: The World in His Arms vum Raoul Walsh
- 1953: Sea Devils vum Raoul Walsh
- 1953: The Million Pound Note vum Ronald Neame
- 1954: An Inspector calls vum Guy Hamilton
- 1955: Passage Home vum Roy Ward Baker
- 1955: The Colditz Story vum Guy Hamilton
- 1956: The Black Tent vum Brian Desmond Hurst
- 1956: The Baby and the Battleship vum Jay Lewis
- 1956: It's Great to Be Young! vum Cyril Frankel
- 1957: Quatermass II: Enemy from Space vum Val Guest
- 1958: The Key vum Carol Reed
- 1959: Yesterday's Enemy vum Val Guest
- 1960: The Angry Silence vum Guy Green
- 1960: The League of Gentlemen vum Basil Dearden
- 1961: The Guns of Navarone vum J. Lee Thompson
- 1964: A Shot in the Dark vum Blake Edwards
als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]- 1961: Whistle Down the Wind, mam Bernard Lee a Alan Bates
- 1962: The L-Shaped Room, mam Leslie Caron
- 1964: Seance on a Wet Afternoon, mam Kim Stanley a Richard Attenborough
- 1965: King Rat, mam George Segal an Tom Courtenay
- 1966: The Wrong Box, mam Jeremy Lloyd
- 1967: The Whisperers, mam Edith Evans an Nanette Newman
- 1967: Deadfall, mam Michael Caine a Giovanna Ralli
- 1969: The Madwoman of Chaillot, Regie zesumme mam John Huston mam Katharine Hepburn a Paul Henreid
- 1971: The Raging Moon, mam Malcolm McDowell an Nanette Newman
- 1975: The Stepford Wives, mam Katharine Ross a Paula Prentiss
- 1976: The Slipper and the Rose: The Story of Cinderella, mam Margaret Lockwood a Gemma Craven
- 1978: International Velvet, mam Tatum O'Neal a Christopher Plummer
- 1980: Sunday Lovers Sketch: An Englishman's Home, mam Roger Moore
- 1983: Better Late Than Never, mam David Niven a Maggie Smith
- 1984: The Naked Face, mam Roger Moore a Rod Steiger