Op den Inhalt sprangen

Bucht vu Kotor

Vu Wikipedia
Bucht vu Kotor
Land Montenegro
Verwaltungseenheet Montenegro
Koordinaten 42°27'0"N, 18°40'12"O

D'Bucht vu Kotor (Serbesch: Бока Которска, Boka Kotorska) ass eng Bucht am Adriatesche Mier, am Südweste vu Montenegro. Et ass eng vun den touristesch am meescht besichte Plazen a Montenegro. D'Bucht vu Kotor ass zanter Joerdausende bewunnt. Ronderëm leien déi zum Deel pittoresk Uertschafte Kotor, Risan (déi eelst Siidlung an der Bucht), Tivat, Perast an Herceg Novi, mat ville Kierchen a Kléischter.

D'Bucht geet bis zu engem Kilometer an d'Land eran, mat ronderëm géie Karstwänn. Si besteet aus véier eenzele Basengen, déi duerch enk Passagë matenaner verbonne sinn. D'Entrée vum Mier aus ass bei der Festungsinsel Mamula, tëscht de befestegten Uwänner vun der kroatescher Hallefinsel Prevlaka an dem montenegrinesche Kap Arza op der Hallefinsel Luštica. Da kommen d'Basenge vun Herceg Novi, Tivat an, hannert der Hallefinsel Vrmac, vu Risan a vu Kotor. D'Basenge vun Herceg Novi an Tivat sinn duerch de Kanal vu Kumbor verbonnen, déi vun Tivat an déi vu Risan a Kotor duerch d'Mierengt vu Verige, déi op der schmuelster Plaz just 330 m breet ass.

D'Bucht am banneschten Deel, an d'Basenge vu Risan a Kotor, gehéieren zur Unesco-Weltierfschaft.

1979 gouf et do vill Schied duerch en Äerdbiewen.

 Commons: Bucht vu Kotor – Biller, Videoen an Audiodateien