Buedemveraarmung

Vu Wikipedia

Et schwätzt ee vu Buedemveraarmung wann de Buedem wéinst ënnerschiddleche Grënn Nierstoffer verléiert a sech domat seng Qualitéit verschlechtert. Am schlëmmste Fall kann dat zur Formatioun vu Wüste féieren. Zu den Ursaache vun der Buedemveraarmung zielen ënner anerem d'Monokultur, bei där dem Buedem permanent déi selwecht Nierstoffer ewechgeholl ginn.