Buerg um Gehaansbierg

Vu Wikipedia
Buerg um Gehaansbierg
Vue op d'Buerg vum Panoramatuerm aus
Typ Buerg,
Ruin
Land Lëtzebuerg
Gemeng Diddeleng
Plaz Gehaansbierg
Koordinaten 49°29'25,8"N, 6°3'37,2"O
Statut Klasséiert Monument
Plang vun der Buerg

D'Buerg um Gehaansbierg war eng Buerg aus dem Mëttelalter um Gehaansbierg, an der Gemenge Diddeleng, vun där haut just nach déi restauréiert Grondmaueren ze gesi sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ier d'Häre vu Gymnich ëm d'Joer 1464 d'Buerg gebaut hunn, bestoung um Gehaansbierg schonn eng réimesch Néierloossung déi zivil wéi och militäresch benotzt gouf. Wat tëscht de Réimer an dem 13. Joerhonnert op där Plaz geschitt ass, konnt bis haut nach net am Detail gekläert ginn. Et steet just fest, datt eng gotesch Kierch op der Kopp stoung an datt och Mäert do organiséiert goufen.

Eng éischt Kierch déi dem Jang den Deefer geweit war, stoung am ëstlechen Deel vum Plateau an ass zënter 1261 dokumentéiert. Se war – zesumme mat der Diddelenger Mäerteskierch – d'Parkierch vun Diddeleng.

An engem Dokument vun 1210 geet fir d'éischt rieds vun engem gewësse Hugo de Dudelinga, sou datt unzehuelen ass, datt et deemools schonn eng Herrschaft gouf, där Diddeleng gehéiert huet. Tëscht 1248 a 1553 hunn der Rei no d'Häre vu Gymnich, vu Bolchen, vun Hunolstein a vun Isenburg iwwer Diddeleng an de Gehaansbierg regéiert an d'Buerg no an no ausgebaut.

1542 huet de Salentin von Isenburg déi virgelagert Komturei ofrappe gelooss, fir e fräit Feld ze schafen a sech doduerch besser géint de Géigner wieren ze kënnen. Dat huet him awer net vill bruecht, well d'Buerg nach am selwechte Joer duerch franséische Minne schwéier a Matleedenschaft gezu gouf. Definitiv eriwwer mat der Buerg war et 1552, wéi de Mansfeld, Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg, d'Buerg um Gehaansbierg ofbrenne gelooss huet. Wéi dat sengerzäit gängeg war, goufen d'Hasteng vun der Buerg als Baumaterial weider benotzt.

D'Iwwerreschter vun der Buerg sinn iwwer zéng Jore laang restauréiert ginn an d'Anlag ass du schliisslech den 23. Juli 2015 ageweit a fir de Public opgemaach ginn.

Zanter 1938 ass de Gehaansbierg op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buerg um Gehaansbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).