Buergfrid-Affär

Vu Wikipedia

D'Buergfrid-Affär (deemools Buurgfried oder Bourgfried geschriwwen), war eng politesch Affär zu Lëtzebuerg, déi sech vun 1969 bis 1974 higezunn huet. Si huet schlussendlech der Madeleine Frieden-Kinnen hiert Ministeschmandat kascht. Se gouf sou no der Uertschaft Buergfrid (oder Buerfelt) um Uewersauer-Stauséi genannt.

Wat war geschitt?[änneren | Quelltext änneren]

Am Fong waren et zwou anenee verwurrelt Affären: eng Affaire de mœurs an eng ëm d'(politesch) Éier vun enger Politikerin.[1]

Dat ganzt ass un d'Rulle komm, wéi d'Tageblatt a grousser Opmaachung a mat vill Gedäisch iwwer eng Affaire de mœurs geschriwwen huet. En Zeie soll (mat enger Spektiv) zwou plakeg männlech Persoune gesinn hunn, déi sech op enger entleeëner Wiss beim Stauséi, um Buerfelt ("Buergfrid"), homosexuelle Praktiken higinn hätten. Ee vun deenen zwéi soll Reliounsproff gewiescht sinn, deen aneren ee Mannerjäregen (deen deemools 19 Joer hat[2] - wat no deemolegem Recht net volljäreg war). Weider stoung do, datt d'Mme Kinnen "an engem wäisse Bikini", a Begleedung vun deenen zwéin do gesi gi wier. Dee ganzen Artikel (an och déi duerno) war an engem Toun vu falscher Entrëschtung geschriwwen, a war sécherlech virun allem gemënzt, dem politesche Géigner eng auszewëschen.

D'Madeleine Frieden, zanter 1967 Ministesch an der Regierung Werner-Schaus II, huet doropshin, well d'Artikelen net ënnerschriwwe waren, den Direkter vum Tageblatt, de Jacques Poos, wéinst Calomnie verklot.

D'Geriichtsaffär huet sech iwwer Joren higezunn. D'Sitten-Affär ass, an Appell, mat enger Verurteelung vum inkriminéierte Reliounsproff zu 3 Joer Prisong mat Sursis, an 10 Joer Verbuet, säin Amt auszeüben, ausgaangen. Wat den zweete Volet betrëfft, sou ass d'Geriicht an éischter Instanz zur Feststellung komm, d'Tageblatt net hätt noweise kënnen, datt d'Mme Frieden um Buergfrid dobäi gewiescht wier, dat ë. a. opgrond un enger Ausso vum jonke Mann. Doropshin huet de Jacques Poos eng Plainte géint dëse wéinst Mäineed gemaach, an hien ass effektiv am Juli 1972 dowéinst zu 3 Méint Prisong verurteelt ginn.

D'Folleg war, datt d'Madeleine Frieden am September vun deem Joer als Ministesch hir Demissioun agereecht huet an an Appell gaangen ass. Dëse Prozess ass awer no e puer Joren agestallt ginn, soudatt et ni zu engem ofschléissenden Urteel koum. Zäit hires Liewens huet se dorënner gelidden, an hiren Aen ongerecht behandelt gewiescht ginn ze sinn. Si huet sech praktesch ganz aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn a sech an humanitären Organisatiounen engagéiert.

Ee vun hire leschte Wënsch war et, no hirem Doud am Februar 1999 an der Chamber e Bréif virliesen ze loossen. An deem Bréif behaapt si sech op hir Onschold, a beschreift sech als Affer vun engem Geriichtsiertum. Si seet deene Merci, déi zu hir gehalen hunn, a verzeit deenen, déi d'Onéier iwwer si bruecht hunn. Op der Regierungsbänk souz deen Dag zoufälleg als eenzege Vertrieder vun der Regierung: den deemolegen Ausseminister Jacques Poos.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Yolande Kieffer: "Un monde misogyne et cruel". in: Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert, Lëtzebuerg 1999, S.449-456.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Kieffer (1999) an der Literatur.
  2. D'Affaire 'Buergfrid': Anekdot oder signifikativ fir eng Epoch vun der Lëtzebuerger Politik?" radio 100,7, 21. Februar 2016, 19h30-20h00.