Op den Inhalt sprangen

Bulgaresche Lew

Vu Wikipedia
Bulgaresche Lew
Typ Wärung
Land Bulgarien
ISO-Code BGN
Zentralbank Bulgarska Narodna Banka
Agefouert 4. Juni 1880
Ofgeschaaft 1. Januar 2026
ersetzt Bulgaresche Lew (drëtten)
ersat mat Euro
genannt no Léiwendaler

De Bulgaresche Lew oder och einfach Lew (BGN) war vum 4. Juni 1880 bis den 31. Dezember 2025 déi offiziell Wärung vu Bulgarien. Si gouf den 1. Januar 2026 mam Euro ersat, nodeems Bulgarien der Eurozon bäigetruede war.

1 Lew war an 100 Stotinki ënnerdeelt.

De Lew gouf den 1. Januar 1999 offiziell als Landeswärung agefouert. De Lew war 1 Joer d'Iwwergangswärung vun der deemoleger Sozialistescher Republik Mazedonien. Wéinst der staarker Inflatioun waren den 1. Juli 1997 1000 Lew ëmgerechent 1 D-Mark. Et gouf dunn décidéiert eng 1:1-Bindung mat der D-Mark ze maachen. De Lew gouf den 1. Januar 1999 iwwerschafft, an déi fréier 1000 Lewa goufen 1999 zu 1 Lew.

"Stotinki" ass d'Méizuel vu "Stotinka", wat en Honnertstel oder Centime bedeit.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR  = 1,95583 BGN fixéiert.

Mënzen (1999-2025)

[änneren | Quelltext änneren]
WäertParameterBeschreiwungJoer
DiameterGewiichtKompositiounRectoVerso
1 stotinka 16 mm 1.80 g Koffer, Aluminium, Néckel De Reider vu Madara mat der Nott България Den Nennwäert 1 стотинка ëmrand vun 12 Stären, mat der Joreszuel 1999 1999
2 stotinkas 18 mm 2.50 g Den Nennwäert 2 стотинки ëmrand vun 12 Stären, mat der Joreszuel 1999
5 stotinkas 20 mm 3.50 g Den Nennwäert 5 стотинки ëmrand vun 12 Stären, mat der Joreszuel 1999
10 stotinkas 18.5 mm 3 g Koffer, Néckel, Zinn De Reider vu Madara mat der Nott България Den Nennwäert 10 стотинки ëmrand vun 12 Stären, mat der Joreszuel 1999
20 stotinkas 20.5 mm 4 g Den Nennwäert 20 стотинки ëmrand vun 12 Stären, mat der Joreszuel 1999
50 stotinkas 22.5 mm 5 g Den Nennwäert 50 стотинки ëmrand vun 12 Stären, mat der Joreszuel 1999
 Commons: Bulgaresche Lew – Biller, Videoen oder Audiodateien