Bungerefer Millen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Bungerefer Millen
Moulin de Bigonville 01.jpg
D'Bungerefer Millen (2015)
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Coat of arms rambrouch luxbrg.png Rammerech
Buergermeeschter Toni Rodesch (CSV)
Koordinaten 49° 52’ 13.8’’ N
05° 48’ 00.8’’ O


D'Bungerefer Millen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen am Sauerdall an der Gemeng Rammerech.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Bungerefer Mille[1] läit 3 Stroossekilometer nërdlech vu Bungeref ewech an 155 m méi déif um rietsen Uwänner vun der Sauer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Millen ufangs vum 20. Joerhonnert.

An der Gaardemauer ass e "Fransousesteen" agebaut, deen aus der Zäit vum Napoleon staamt. Nom Kadasterplang vun 1824 huet dës Mauer eng Längt vun 21 m an zwee Waasser-Rieder. Ëm 1930 gouf op der Millen souguer Mais aus Amerika gemuel. Zënter 1952 huet d'Millen de Betrib agestallt a gouf zu engem Hotel ëmgebaut.

Op der Millen huet eng Zäit laang eng 48,5-kW Turbinn Stroum produzéiert[2]. Déi gouf 2006 mat zwou 55-kW Turbinnen ersat. Dat geet duer fir ronn honnert Stéit mat Stroum ze beliwweren[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bungerefer Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ausféierlech Geschicht vun der Bungerefer Millen
  2. Industrie.lu
  3. Moulin de Bigonville nouvelle centrale hydroélectrique