Bur (Mompech)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bur
Schoul
Schoul
An anere
Sproochen:
fr: Born
de: Born
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Kanton: Iechternach
Gemeng: Coat of arms mompach luxbrg.png Mompech
Buergermeeschter: Joseph Schoellen
Awunner Uertschaft: 384 [1]
(01.01.2015)
Koordinaten: Gnome-globe.svg49° 45’ 33’’ N
     06° 30’ 41’’ O
Uertschaften - Gemengen - Stied
De Park bei der Kierch

Bur ass eng Uertschaft an der Gemeng Mompech.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Bur läit um rietsen Uwänner vun der Sauer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bur gouf eng éischt Kéier 1084 an enger Charte als Burna ernimmt. 1317 gouf et Bornen genannt, an 1340 Burne.[2] Am Mëttelalter gouf et eng Herrschaft zu Bur; e gewëssen Heinrich vu Bur gëtt 1286 ernimmt. Si hunn de Virgängerbau vun haitege Schlass vu Bur opriichte gelooss. 1705 gouf et bei Ugrëffer vun der Arméi vum Marlborough zerstéiert.

Vu 1585 u gouf eng salzhalteg Quell exploitéiert, fir Salz ze gewannen.

1656, nom Drëssegjärege Krich, gouf et just nach 5 Stéit zu Bur. Ëm 1740 gouf dat haitegt Schlass vun der Famill Faust von Aschaffenburg-Hattstein gebaut. 1775 huet d'Famill De Villers et geierft. 1978 huet d'Gemeng et opkaf, an 1985 nees u Privatleit verkaaft.

Bis 1822 war Bur en eegestänneg Gemeng.[3] Bei der Opléisung koum d'Sektioun Bur bei d'Gemeng Mompech an déi aner Sektiounen, Dickweiler, Giischt, Giischterklaus, Hénkel an Hénkeler Millen koume bei Rouspert derbäi.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell: Websäit vun der Gemeng
  2. Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.378 an 391.
  3. Dictionnaire géographique du Luxembourg