Buttek
E Kleederbuttek zu Brasília
E Buttek oder Buttik[1] ass e kommerziellt Eenzelhandelsetablissement aus engem oder méi Raim, an deem Produkter oder Déngschtleeschtunge verkaft ginn, déi op der Plaz oder ausserhalb produzéiert ginn. E läit gewéinlech no bei der Strooss oder an engem Akafszentrum. Meescht ass e Buttek op de Verkaf vun enger bestëmmter Zort vu Produkter spezialiséiert, zum Beispill op Blummen (Blummebuttek), Gezei (Kleederbuttek) oder Liewensmëttel a Konsumartikelen (Epicerie, Supermarché, Metzlerei, Bäckerei a.s.w.).