Op den Inhalt sprangen

Benelux-Mathematik-Olympiad

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) BxMO)

D'Benelux-Mathematik-Olympiad (ofgekierzt BxMO) ass eng interregional Kompetitioun, déi sech un déi bescht Mathematik-Schüler aus dem Enseignement secondaire vun den dräi Benelux-Länner riicht.

D'Benelux-Mathematik-Olympiad war fir d'éischt vum 8. bis den 10. Mee 2009 an Holland, zu Bergen op Zoom. Haaptinitiateur war de lëtzebuergesche Mathematiks-Professer Charles Leytem aus dem Lycée classique de Diekirch.

D'Kompetitioun huet d'Zil, iwwer den Niveau vun der Olympiade mathématique belge erauszegoen an d'Schüler op eng eventuell Participatioun bei der Internationaler Mathematik-Olympiad virzebereeden.

An de Joren 2011, 2015 an 2018 gouf d'Kompetitioun vum Charles Leytem an dem Pascal Zeihen am Lycée classique de Diekirch zu Miersch organiséiert.

Jiddwer Benelux-Land kann eng Ekipp vu maximal 10 Schüler an d'Kompetitioun schécken. D'Epreuve besteet dran, bannent 4,5 Stonne véier schwéier Mathematiksproblemer, dorënner dräi Problemer vun IMO-Niveau ze léisen. Pro Léisung kann ee bis zu 7 Punkte kréien; den Total läit also tëscht 0 an 28 Punkten.

Déi bescht Schüler kréie Gold-, Sëlwer- oder Bronze-Medailen iwwerreecht, wéi op der Internationaler Mathematik-Olympiad.

Lëscht vun alle BxMO-Kompetitiounen, déi bis elo waren, a vun alle Lëtzebuerger, déi eng Medail kruten:

DatumPlazGoldSëlwerBronze
8.-10. Mee 2009Bergen op ZoomPierre Haas
Jingran Lin
Marc Sinner
23.-25. Abrëll 2010AmsterdamGrégoire Genest
Philippe Schram
Steve Muller
6.-8. Mee 2011Miersch, am LCDGrégoire Genest
Jérôme Urhausen
20.-22. Abrëll 2012WépionPatrick Meurin
26.-28. Abrëll 2013DordrechtChristina Meyer
2.-4. Mee 2014BrugesGilles EnglebertChristina Meyer
Charel Thull
8.-10. Mee 2015Miersch, am LCDGilles Englebert
29. Abrëll - 1. Mee 2016Soest
5.-7. Mee 2017WépionMartin Rakovsky
27.-29. Abrëll 2018Miersch, am LCD
26.-28. Abrëll 2019ValkenswaardAngelina Kysil
2020 an 2021 goufe wéinst der COVID-19-Pandemie just virtuell Kompetitiounen am Mee ofgehalen. D'Schüler waren invitéiert, déi proposéiert Problemer bei sech doheem ze léisen.
29. Abrëll - 1. Mee 2022LouvainVictor Guilbert
5.-7. Mee 2023Esch, am LGE
26.-28. Abrëll 2024Valkenswaard
25.-27. Abrëll 2025LiègeKhalid KhanKiah Shah