Bye Bye Blackbird

Vu Wikipedia
Bye Bye Blackbird
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Vereenegt Kinnekräich
Éisträich
Däitschland
Première 7. Oktober 2005 (LU)
Dauer 99 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch, Serbesch
Ekipp
Regie Robinson Savary
Dréibuch Robinson Savary, Patrick Faure, Arif Ali Shah
Fotografie Christophe Beaucarne
Musek Mercury Rev
Schnëtt Emmanuelle Castro, Claire Ferguson
Produzent Produzent: Jani Thiltges
Ko-Prodzuzenten: Christine Alderson, Ute Schneider, Peter Schwartzkopff, Danny Krausz, Kurt Stocker
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film (Bartreng)
Ipso Facto Films (Newcastle upon Tyne)
Reverse Angle Factory (Berlin)
DOR Film (Wien)
Schauspiller
James Thiérrée: Josef
Izabella Miko: Alice
Derek Jacobi: Lord Dempsey
Jodhi May: Nina
Michael Lonsdale: Robert
Thierry van Werveke: Peter
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Bye Bye Blackbird ass e Filmdrama vum franséische Filmregisseur Robinson Savary aus dem Joer 2005. Et ass eng lëtzebuergesch-brittesch-éisträichesch-däitsch Koproduktioun.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

London, Ufank vum 20. Joerhonnert. Zwéi Frënn, de Josef an de Peter, bauen eng Bréck iwwert der Stad. De Josef fënnt d'Fräiheet an der Héicht flott a balancéiert sech geféierlech tëscht Liewen an Doud iwwer de Schantercher. Bis enges Daags, wéi en iwwer eng Dunn leeft, e sech ëmdréint fir mam Peter ze schwätzen, de Peter net méi do ass. De Josef ass um Buedem zerstéiert an entscheet, en neit Liewen unzefänken. Hie gesäit e Plakat fir den Zirkus Dempsey's mat der Akrobatin Alice, an déi hie sech direkt verléift. Hi fänkt un, fir den Zirkus ze schaffen a mécht kleng Aarbechten, mee hien huet en Dram: Enges Daags wäert hien d'Geleeënheet hunn, fir zesumme mam Alice en akrobateschen Akt um Trapez ze maachen.[1][2]

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

No dräi Kuerzfilmer war Bye Bye Blackbird den éischte Spillfim vum Robinson Savary, dem Jong vum Regisseur Jérôme Savary.

De Film hat e Budget vu ronn 6,7 Milliounen Euro.[3] Fir d'Produktioun vum Film krut d'Gesellschaft Samsa Film e Subside an Héicht vun 20 Millioune Lëtzebuerger Frang, deemools ronn 496.000 Euro, vum Lëtzebuerger Filmfong.[4] Schonn d'Joer virdrun hat se zwou finanziell Hëllefe vun am Ganzen zwou Millioune Frang fir d'Entwécklung vun der Iddi an dem Dréibuch krut.[5] Den europäesche Filmfong Eurimages huet d'Produktioun mat 560.000 Euro ënnerstëtzt, vun deem der 224.000 un Samsa Film gaange sinn an de Rescht un déi aner Gesellschaften.[6] Och vum Éisträichesche Filminstitut krut de Film ee Subside vu 17.000 Ero .[7]

D'Dréiaarbechte waren am Hierscht 2003 bis an den Ufank vum Joer 2004. Gedréit gouf ënner anerem zu Diddeleng an engem Gebai vun der Diddelenger Schmelz, wou e ganzen Zirkus als Filmset gebaut gouf.[3][8][9]

Accueil[änneren | Quelltext änneren]

E gouf fir d'éischte Kéier den 2. Juli 2005 um Filmfestival vu La Rochelle gewisen,[10] éier en de 7. Oktober zu Lëtzebuerg regulär am Kino ugelaf ass.

Um italieenesche Filmfestival vun Taormina a Sizilien krut Bye Bye Blackbird 2005 direkt dräi Präisser: de Publikumspräis, de Präis vun der internationaler Kritickerjury, and de Präis fir déi bescht Kamera. Och op anere Filmfestivallen ass de Film gelaf, dorënner zu Montréal, Tokio, Kalkutta a Kairo.[11][12]

De Film krut duerchschnëttlech Kriticken.[13]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Film op der Websäit vum Wilbert Van Dorp
  2. De Film op cineuropa.org
  3. 3,0 3,1 cineurop.org: Samsa calls on Europe to support a bird vum Anne Feuillère (8. Abrëll 2005)
  4. Rapport Annuel 2001 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 2
  5. Rapport d'activité du Ministère de la Culture de l'Enseignement supérieur et de la recherche 1999, Mäerz 2000, Säit 218
  6. Rapport Annuel 2003 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 10
  7. Kunstbericht 2007 vum Bundesministerium für Unterricht, Kunst und Kultur, Säit 85
  8. femmesmagazine.lu: Bye Bye Blackbird
  9. De Film op cinenews.be
  10. De Film um däitsche Filmportal
  11. gouvernement.lu: Récompenses pour les films luxembourgeois à l'étranger: Bye Bye Blackbird en compétition officielle au Festival international de Tokyo (18. August 2005)
  12. De Film um Site vum Lëtzebuerger Filmfong
  13. De Film op allocine.fr