Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) CFL-Linn 60)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
CFL - Linn 6 / Lëtzebuerg - Beetebuerg
Gleiser 2
Spur Normalspur (1435 mm)
Längt 16.65 km
Garen - Uschlëss - Brécken - Tunnelen - Barrièren Km
BSicon STR.svg Uschloss: Waasserbëlleg
Uschloss: Ettelbréck - Ëlwen
BSicon BHF.svg Gare Lëtzebuerg 16.65
BSicon exTUNNEL1.svg N 3 (Diddenuewenerstrooss)
BSicon KRZo.svg
BSicon exTUNNEL1.svg B 3
BSicon exTUNNEL1.svg CR231
BSicon exTUNNEL1.svg A 1
BSicon BRÜCKE1.svg Feldwee Grousseweier
BSicon BRÜCKE1.svg Feldwee Duelem
BSicon exTUNNEL1.svg Vizinalstrooss Fenteng - Kockelscheier
BSicon ABZgl+l.svg Ofzweigung Éiter
BSicon BRÜCKE1.svg CR158 (Kockelscheier - Réiser)
BSicon BRÜCKE1.svg Béiweng
BSicon BHF.svg Gare Bierchem 9.125
BSicon BRÜCKE1.svg Bierchem Rue de Livange
BSicon BRÜCKE1.svg Kréimerchen
BSicon BRÜCKE1.svg N 31 Léiweng
BSicon BUE.svg Léiweng Rue de la Chapelle
BSicon exTUNNEL1.svg A 3
BSicon BRÜCKE2.svg Feldwee
BSicon WBRÜCKE.svg Uelzecht
BSicon BUE.svg Beetebuerg Rue Michel Lentz
BSicon exTUNNEL1.svg N13
BSicon BHF.svg Gare Beetebuerg 5.161
BSicon ABZrf.svg Ofzweigung Esch-Uelzecht an Diddeleng
BSicon exTUNNEL1.svg A 13
BSicon exTUNNEL1.svg CR161
BSicon exTUNNEL1.svg Bréck Um Tunnel
BSicon exTUNNEL1.svg CR160 (Diddeleng - Zoufftgen)
BSicon GRENZE.svg franséisch Grenz 0.000
BSicon STR.svg Uschloss Metz

D'Eisebunnsstreck 6 vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL ass eng 16,65 km laang zweegleiseg Eisebunnsstreck mat Normalspur, déi vun der Gare vu Lëtzebuerg op Beetebuerg féiert an doriwwer eraus op d'franséisch Grenz südëstlech vun Diddeleng a Richtung Zoufftgen. Se gouf den 11. August 1859 a Betrib geholl an huet deemools der Gesellschaft Guillaume-Luxembourg gehéiert. Se gouf 1956 mat enger Spannung vu 25 kV - 50 Hz elekrifizéiert.

Weidere Streckeverlaf[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich gëtt se vun der Linn Metz-Zoufftgen weidergefouert a Richtung Grouss-Hetteng, Diddenuewen a Metz. Se ass vu Lëtzebuerg bis op d'franséisch Grenz en Deel vun der kommerzieller internationaler Streck Lëtzebuerg - Dijon

Zu Beetebuerg zweigen zwou weider Strecken of:

Vun der Linn 6a zweigt zu Näerzeng d'Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng als CFL-Linn 6c of, vun där zu Téiteng d'Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn als CFL-Linn 6d ofzweigt.

Vun Esch-Uelzecht geet d'Eisebunnstreck Esch-Uelzecht-Péiteng als CFL-Linn 6f weider. Ausserdeem féiert vun Esch och déi kuerz Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Däitsch-Oth als CFL-Linn 6e weider.

Schlussendlech féiere vu Péiteng dräi Strecken iwwer Rodange weider a Richtung Éibeng (Linn 6g), Lonkech (Linn 6h) an Attem (Linn 6j).

Nei Streck vu Lëtzebuerg op Beetebuerg geplangt[änneren | Quelltext änneren]

Am Hierscht 2015 sollen d'Aarbechte fir de Bau vun enger neier Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg ufänken. D'Ursaach dofir ass déi zäitweis Saturatioun vun där aler Streck, déi eng Haaptachs vum lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz ass. Déi nei Streck soll méi oder wéineger parallel zur Autobunn A3 gebaut ginn a bis 2020 fäerdeg sinn.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Erste Arbeiten für Bahnstrecke nach Bettemburg op wort.lu vum 27. Januar 2015


Garen op der Linn 6 an op hiren Extensiounen

Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Bierchem - Beetebuerg
Beetebuerg - Wuelmereng: Beetebuerg - Diddeleng-Bireng - Diddeleng-Stad - Diddeleng-Zenter - Diddeleng-Schmelz - Wuelmereng
Beetebuerg - Esch: Beetebuerg - Näerzeng - Schëffleng - Esch
Esch - Péiteng: Belval-Université - Belval-Lycée - Belval-Réideng - Bieles-Zolwer - Uewerkuer - Déifferdeng - Nidderkuer - Péiteng
Antenn Rëmeleng: Näerzeng - Keel - Téiteng - Rëmeleng
Antenn Däitsch-Oth: Esch - Däitsch-Oth
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 1 · Linn 3 · Linn 6 · Linn 6c · Linn 6b · Linn 6d · Linn 7 · Linn 80