CFL-Zuchreseau
Typ | Schinnereseau |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Organisateur | Administration des chemins de fer |
Bedreiwer | CFL |
Reseauslängt | 628 km |
Linnen | 8 |
Statiounen |
![]() ![]() |
Websäit | |
![]() Den CFL-Zuchreseau (2025) | |
![]() |
Am Passagéiertransport begräift den CFL-Zuchreseau follgend Linnen:
CFL-Zuchlinn[1] | Fiert iwwer d'Eisebunnsstreck | |
---|---|---|
Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech (Gouvy)
mat den Niewelinnen:
|
1 | |
Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Tréier (Trier) | 3 | |
Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
mat den Niewelinnen:
|
6 - 6a - 6f - 6g | |
Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen | 6g - 6f - 6a - 1 | |
Lëtzebuerg - Nidderkäerjeng-Suessem - Rodange - Attem (Athus)
Lëtzebuerg - Nidderkäerjeng-Suessem - Rodange - Lonkech (Longwy) |
7 - 6j | |
Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel (Arlon) | 5 | |
Lëtzebuerg - Diddenuewen (Thionville) - Metz | 6 |
Virum Dezember 2024 hat all Linn eng Nummer, déi prinzipiell aus der Streckennummer bestoung, un déi eng Null hannendru gehaange gouf: fir d'Nordstreck (Lëtzebuerg - Ëlwen) war dat z. B. „1“ + „0“ = Linn 10. Well de gréissten Deel vun der Clientèle awer näischt mat der Linnennummer unzefänke wousst, ass s'ofgeschaaft ginn. D'Linne ginn elo haaptsächlech mat der Originn an der Destinatioun bezeechent (z. B. Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech).[2]
Reseau
[änneren | Quelltext änneren]De Reseau huet eng Gleislängt vu 628 km(Stand: 2023). De Reseau ass zu 96,81 % elektrifizéiert(Stand: 2023), wat ee vun den héchsten Tauxen an Europa ass (am Verglach: Belsch 92 %, Frankräich 61 %, Däitschland 55 %, an Holland 78 %). Den CFL-Linnereseau besteet aus 271,18 km.[3]
Passagéierzuelen
[änneren | Quelltext änneren]Linn | 2019[3] | 2020[3] | 2021[4] | 2022[4] | 2023[5] | 2024[6] |
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg - Ëlwen | 3,895 | 5,151 | 5,823 | 6,800 | ||
Lëtzebuerg - Waasserbëlleg | 0,970 | 1,569 | 2,114 | 2,500 | ||
Lëtzebuerg - Klengbetten | 1,257 | 1,911 | 2,507 | 2,600 | ||
Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange | 5,355 | 6,697 | 9,124 | 9,900 | ||
Lëtzebuerg - Rodange | 2,186 | 2,814 | 3,453 | 3,600 | ||
Lëtzebuerg - Diddenuewen | 2,931 | 3,895 | 5,665 | 5,900 | ||
Total | 25,0 | 14,5 | 16,594 | 22,037 | 28,686 | 31,300 |
Fir d'Joer 2023 gouf et am Schinnentransport 505,05 Millioune Persounekilometer, eng Erhéijung vun 29,91 % am Verglach mat 2022. Den nationale Persounekilometer-Trafick huet 63,87 % géintiwwer 36,13 % vum internationalen ausgemaach.[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de) CFL | Fahrplanauskunft. www.cfl.lu. Gekuckt den 29.01.2025.
- ↑ (fr) Les CFL changent l'information ferroviaire en information voyageurs. cfl.lu (17.12.2024). Gekuckt den 29.01.2025.
- ↑ 3,0 3,1 3,2 3,3 (fr) Chiffres-clés Données statistiques nationales Secteur ferroviaire 2023. www.ilr.lu (08.05.2025). Gekuckt den 13.05.2025.
- ↑ 4,0 4,1 (fr) Rapport annuel 2022 du groupe CFL. groupe.cfl.lu (12.06.2023). Gekuckt den 29.01.2025.
- ↑ (fr) Rapport annuel 2023 du groupe CFL. groupe.cfl.lu (10.06.2024). Gekuckt den 29.01.2025.
- ↑ (fr) Nouveau record de fréquentation des trains CFL. groupe.cfl.lu (16.01.2025). Gekuckt den 29.01.2025.