CFL 1800
CFL 1800 | ||
---|---|---|
![]() | ||
Nummeréierung: | 1801-1820 | |
Stéckzuel: | 20 | |
Constructeur: | Elektrescht: La Brugeoise et Nivelles Mechaneschen Deel:General Motors (Motor: Typ 16-567C / V16) | |
Baujoren: | 1963-1964 | |
Ausmusterung: | Nach a Betrib | |
Achsformel: | Co'Co' | |
Déngschtmass: | 110 Tonnen(ouni Chaudière) | |
Längt iwwer Puffer: | 19.550 mm | |
Héicht: | ||
Maximal Achselaascht | 21 Tonnen | |
Héchstvitesse: | 120 km/h | |
Leeschtung: | 1435 kW |
D'CFL-Lokomotiven aus der Serie 1800 sinn Diesel-elektresch Lokomotiven.
Vun 20 Maschinnen, déi d'CFL an de Joren 1963 a 1964 kaaft huet, fueren der am Moment (Stand Dezember 2011) nach 2, an dat nëmmen am Frachtberäich. Si gehéieren zanter Juni 2007 der CFL-Cargo.
1802 gouf a Schwede mat Funkfernsteierung ekipéiert, fir de Betrib ze vereinfachen. Des Weidere sinn nach e puer Maschinnen an Dänemark ënnerwee.
D'SNCB hat 42 baugläich Lokomotiven, déi do an der Serie 55 immatrikuléiert waren. Se goufe gréisstendeels vun der Duebelserie 77/78 ersat.
Asaz[änneren | Quelltext änneren]
- Bis 1981: Persounenzich iwwer d'Streck Lëtzebuerg-Péiteng.
- Bis 1993: Persounenzich op der Nordstreck (zesumme mat den CFL 200).
- 1999: Leschten Asaz vun enger 1800er um InterRegio m.
- Bis 2004: Persounenzich op der Klengbettener Streck.
Zanter 2004 fueren d'1800er plangméisseg keng Persounenzich méi. Geleeëntlech koumen der an de Joren 2004 an 2005 als Ersatz zum Asaz. Bis Dezember 2010 sollten d'1800er op der CFL-Linn 6 tëscht Beetebuerg - Belval - Attem fueren. Wéinst dem ekonomeschen Opschwong an dem Manktem un Diesellokomotive komme s'op onbestëmmt Zäit nach op de Strecke Lëtzebuerg-Triage - Bartreng a Beetebuerg - Belval - Attem an den Asaz.
Bestand[änneren | Quelltext änneren]
Nummer | Dafnumm | Zoustand |
---|---|---|
1801 | Göppingen | Power Rail (Däitschland), ausser Déngscht, ausgestallt bei de Magdeburger Eisenbahnfreunden zu Magdeburg am Hafen. De Motor ass elo an enger Nohab. |
1802 | Blankenberge | Svensk Tågkraft AB (Schweden), am Asaz, mat ATC a Funkfernsteierung |
1803 | Verschrott 2004 | |
1804 | Verschrott 2005 | |
1805 | Mondorf-les-Bains | CFL Cargo Danmark |
1806 | Walfer | SSMN
Betribsfäeg, soll optesch opgeschafft ginn. |
1807 | Péiteng | CFL Cargo Danmark |
1808 | Verschrott | |
1809 | Soll verschrott ginn | |
1810 | Verschrott 2013 | |
1811 | Ettelbréck | Verschrott 1994 |
1812 | CFL Cargo Danmark | |
1813 | Schieren | Accident Fenteng 12.6.1997 |
1814 | CFL Cargo Danmark | |
1815 | Kautebaach | CFL Cargo Lëtzebuerg, ausser Déngscht |
1816 | Fiels | CFL Cargo Danmark |
1817 | Power Rail (Däitschland) | |
1818 | CFL Cargo Danmark | |
1819 | Prince Henri | Verschrott 2008 |
1820 | Beetebuerg | CFL Cargo Danmark |
Chaudière[änneren | Quelltext änneren]
D'CFL 1800 waren net serieméisseg mat enger Chaudière ekipéiert. Fir mat den CFL Wegmänner an den internationalen Zich op der Nordstreck kënnen ze fueren, kruten eng Rei 1800er Dampchaudièren agebaut. Nodeem d'CFL-Cargo d'Maschinnen iwwerholl huet, goufen d'Heizungen ausgebaut an op déi gewonne Plaz goufen zousätzlech Loftbehälteren angebaut.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: CFL 1800 – Biller, Videoen oder Audiodateien |