CHARA-Array

Vu Wikipedia
De Kontrollzentrum vum CHARA-Array

Den CHARA-Array ass en opteschen astronomeschen Interferometer. Et gëtt vum The Center for High Angular Resolution Astronomy (CHARA) vun der Georgia State University (GSU) benotzt a steet beim Mount Wilson-Observatoire, no bei Los Angeles a Kalifornien.

Den Interferometer besteet aus sechs Spigelteleskopen, vu jee engem Meter Duerchmiesser, déi laanscht dräi Achse stinn. D'Teleskope kënnen dobäi bis zu 330 Meter vunenee ewech sinn. Dat vun den Teleskope agefaange Liicht gëtt dann duerch evakuéiert Réier geleet an optesch iwwerlagert. Fir datt déi Iwwerlagerung phaserichteg erfollegt, ginn d'Gruppelafzäitënnerscheeder vum Stäreliicht zu den eenzelen Teleskope an engem 100 Meter laange Gebai mat fuerbare Spigelen ausgeglach. Den Array huet eng Wénkelopléisung vun 0,0005 Bousekonnen am Infrarout. Éischt wëssenschaftlech Observatioune goufen 2002 ugefaangen, a vun 2005 un, gouf et routineméisseg Bildresultater. Dat éischt Bild vun enger Stärenuewerfläch, déi vum Stär Altair, gouf 2007 publizéiert.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Loftfoto vum Mount Wilson, ze gesinn ass dat historescht 100"-Hooker-Teleskop am Zentrum, d'60"-Teleskop lénks dovun, an de CHARA-Array.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. U-M astronomers capture the first image of surface features on a sun-like star, University of Michigan, 2007