Op den Inhalt sprangen

CHEM Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
CHEM Esch-Uelzecht
Escher Spidol
Den alen Deel vum Escher Spidol mat der Helikopterlandeplaz (2015)
Typ Spidol
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 30’ 06’’ N
      05° 58’ 54’’ O
Um Spaweck https://www.chem.lu/le-chem/sites-hospitaliers/esch-alzette
Medezinesch Ariichtung
Opgaangen 15. Mäerz 1930
Iwwergeuerdent Organisatioun Centre hospitalier Émile-Mayrisch
Personal ()
Betterzuel ()
Noutopnam Jo
Gebai
Datum vum Bau 1930
Proprietär

Den CHEM Esch ass en allgemengt Spidol am Quartier Dellhéicht zu Esch-Uelzecht, dat zënter 2004 zur Fondatioun Centre hospitalier Émile-Mayrisch gehéiert, zu deem och d'Diddelenger Spidol an d'Spidol zu Nidderkuer. Et ass och nach ënnert dem fréieren Numm Escher Spidol bekannt.

D'Gebaier vum Spidol stinn op engem Terrain, dee vun der rue Émile-Mayrisch, der rue Dellhéicht, der rue de l'Hôpital an der rue Jean-Pierre-Michels agegrenzt gëtt.

Den Haaptagank mat der Receptioun ass an der rue Émile-Mayrisch, et gëtt nach Niewenagäng an der rue de l'Hôpital an an der rue Dellhéicht (am alen Deel, wou fréier den Haaptagank war).

Nërdlech steet direkt nieft dem Spidol e Parkhaus mat Agank an der rue Émile-Mayrisch. Virum alen Deel op der Südsäit ass eng Landeplaz fir Helikopteren. Beim nordwestlechen Deel vum Gebai, um Eck vun der rue de l'Hôpital an der rue Jean-Pierre-Michels ass e klenge Park ugeluecht.

D'Diskussioun ëm de Bau vun engem Spidol zu Esch huet sech iwwer 25 Joer higezunn. Am Zentrum vum Konflikt stoungen am Ufank d'Bedenke vun engem Deel vun den Escher Dokteren, déi vun de Schmelzen an deenen hire Spideeler agestallt waren, an déi eng Konkurrenz gefaart hunn. Wéi déi Fro bis gekläert war, goung et nach e puer Joer hin an hier, no wat fir engem architektoneschen a medezinesche Konzept gebaut sollt ginn.[1]

D'Spidol ass duerch eng Konventioun entstanen, déi den 11. Abrëll 1924 vun der Gemeng Esch-Uelzecht, der Arbed an der Société métallurgique des terres-rouges ënnerschriwwe gi war. 1925 hunn d'Bauaarbechten ugefaangen, an de 15. Mäerz 1930 konnt et offiziell ageweit ginn. Et huet domat d'Nofolleg vum fréiere Metze Spidol ugetrueden. D'Schwëstere vun der Congrégation de Ste-Elisabeth waren ufanks mat der Gestioun vum Spidol chargéiert.

Den 21. Abrëll 1955 gouf d'Spidol als en Établissement d'utilité publique deklaréiert.

2004 koum et zur Fusioun mam Diddelenger Spidol an der Grënnung vum Spidolsgrupp Émile-Mayrisch.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Am Laf vun der Zäit[Wéini?] koume lénks a riets vum Haaptgebai nei Fligele bäi[Wat fir?].

2025 goufen éischt Iddie virgestallt, wat mam Gebai geschéie soll, wann dat neit Südspidol bis fäerdeg wier. D'Haaptgebai kéint als Annex vum Stadhaus fir déi kommunal Verwaltung ëmgebaut ginn, iwwerdeems déi aner Annexen, déi méi spéit bäigebaut gi waren, ofgerappt géife ginn, fir da mat Gebaier fir verschidde Funktiounen (Wunnengen, Quartiersgeschäfter, Servicer,...) nei bebaut ze ginn.[2]

Medezinesch Offer

[änneren | Quelltext änneren]

Am CHEM Esch ginn ë. a. follgend Servicer ugebueden[3]:

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

National Servicer

[änneren | Quelltext änneren]

Baugeschicht:

 Commons: CHEM Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Lorang 2022 a Maas 2022 an der Literatur.
  2. Luc Ewen: "Ein neues Rathaus für Esch und eine neue Klinik in Düdelingen?" wort.lu, 07.07.2025.
  3. (fr) Spécialités et services de support. www.chem.lu. Gekuckt den 03.05.2026.
  4. (fr) Caisson hyperbare du CHEM : «Un des plus modernes du monde» | Le Quotidien. Gekuckt den 03.05.2026.