Op den Inhalt sprangen

CHEM Nidderkuer

Vu Wikipedia
CHEM Nidderkuer
Hôpital Princesse Marie-​​Astrid
Nidderkuerer Spidol
Typ Spidol
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Déifferdeng
Plaz Nidderkuer
Adress 187, avenue de la Liberté
Koordinaten 49° 31’ 57.6’’ N
      05° 53’ 10.1’’ O
Um Spaweck https://www.chem.lu/le-chem/sites-hospitaliers/niederkorn
Medezinesch Ariichtung
Opgaangen 5. September 1981
Iwwergeuerdent Organisatioun Centre hospitalier Émile-Mayrisch
Personal ()
Betterzuel 202 ()
Gebai
Datum vum Bau 1981
Proprietär

Den CHEM Nidderkuer ass en allgemengt Spidol zu Nidderkuer an der Gemeng Déifferdeng, dat zënter 2008 zur Fondatioun Centre hospitalier Émile-Mayrisch gehéiert. Et ass och nach ënnert dem fréieren Numm Hôpital Princesse Marie-​​Astrid bekannt.

1974 gouf de Projet vun engem regionale Spidol fir d'Gemengen Déifferdeng, Péiteng an Nidderkäerjeng lancéiert.[1]

1981 waren d'Bauaarbechte fäerdeg an Enn 1981 konnten déi éischt Patienten empfaange ginn.[1] D'offiziell Aweiung war de 5. September 1981 a Presenz vun der Prinzessin Marie-Astrid. Den Numm vum Spidol gouf am Kader vun engem Concours, dee fir d'Schüler aus den dräi Gemengen op war, gewielt.

De 17. Dezember 2007 ass déi offiziell Konventioun fir mam CHEM ze fusionéieren ënnerschriwwe ginn. Déi Fusioun huet 2008 stattfonnt.[1] Zënter 2013 ass zu Nidderkuer ënner anerem d'Réckeklinick vum CHEM.

Am Mäerz 2019 war annoncéiert ginn, datt d'Spidol wéinst der Presenz vun Asbest am Gebai 2024 oder 2025 sollt ofgerappt ginn.[2][3] Déi Noriicht hat fir Opreegung gesuergt a gouf de Mount drop vum Buergermeeschter Roberto Traversini dementéiert. Déi endgülteg Entscheedung iwwer d'Zukunft vum Gebai géif viraussiichtlech net virun 2023 getraff ginn.[4][5]

No 2030 (ursprénglech fir 2023 geplangt) sollen déi dräi Site vum CHEM, dorënner och de CHEM Nidderkuer, am Projet Südspidol zu Esch-Uelzecht regroupéiert ginn.

Medezinesch Offer

[änneren | Quelltext änneren]

Am CHEM Nidderkuer ginn ë. a. follgend Servicer ugebueden[6]:

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • Hôpital Princesse Marie-Astrid, Comité de Soutien: Hôpital Princesse Marie-Astrid. Luxemburg: Weco Lux, [puis] Heintz, 1994 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
 Commons: CHEM Nidderkuer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Historique Hôpital Princesse Marie-Astrid à Niederkorn op der Websäit vum CHEM (gekuckt den 11. Juni 2019)
  2. lessentiel.lu: Hôpital Princesse Marie-​​Astrid soll verschwinden (11. Mäerz 2019)
  3. 5minutes.rtl.lu: L'Hôpital Princesse Marie-Astrid à Niederkorn sera rasé (12. Mäerz 2019)
  4. wort.lu: Vorerst kein Abriss des Niederkorner Krankenhauses (4. Abrëll 2019)
  5. 5minutes.rtl.lu: La démolition de l'hôpital Niederkorn pas encore d'actualité (5. Abrëll 2019)
  6. (fr) Spécialités et services de support. www.chem.lu. Gekuckt den 03.05.2026.