CHL Eich
| Eecher Klinick, Fondation Norbert-Metz | |
|---|---|
|
D'Eecher Klinick | |
| Typ | ëffentlecht Spidol |
| Lokalisatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Plaz | Eech |
| Adress | 78, rue d'Eich |
| Um Spaweck | https://eich.chl.lu/fr |
| Medezinesch Ariichtung | |
| Iwwergeuerdent Organisatioun | Centre hospitalier de Luxembourg |
| Personal | () |
| Betterzuel | () |
| Noutopnam | Neen |
| Proprietär | |
|
| |


Den CHL Eich oder CHL Eech ass en allgemengt ëffentlecht Spidol am Quartier Eech vun der Stad Lëtzebuerg, dat zum ëffentlechen Etablissement Centre hospitalier gehéiert. Et ass och nach ënnert de fréieren Nimm Clinique d'Eich, Eecher Klinick oder Fondation Norbert-Metz bekannt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Geschicht vun deem, wat mer haut als „Eecher Klinick“ kennen, ass enk mat der sozial-karitativer Entwécklung vun der Gemeng Eech am 19. an 20. Joerhonnert verbonnen. D'Initiativ fir dës Gesondheets- a Sozialstruktur geet op de Politiker an Industriellen Norbert Metz zeréck.
Ausgankssituatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Géigend, wou déi haiteg Klinick steet, war am Joer 1868 nach eng einfach Wiss, wou d'Kanner gespillt hunn an d'Kiermes ofgehale gouf. Net wäit dovun ewech hat d'Gesellschaft Metz & Cie 1865 laanscht d'Uelzecht d'Dummeldenger Schmelz gebaut, déi séier gewuess ass. Fir d'Schlaken aus den Héichiewen ofzelueden, gouf d'Wiss opkaaft a mat de Schlaken opgefëllt, bis e flaachen Terrain gläichen der Strooss entstanen ass. Et kann een unhuelen, datt deemools schonn dru geduecht gouf, den opgefëllten Terrain als Basis fir e spéidert Spidol ze gebrauchen, well déi provisoresch Krankestatioun an der Schmelz ze kleng gouf.
Grënnung vum Spidol
[änneren | Quelltext änneren]Nom däitsch-franséisch Krich vun 1870/71 hunn d'Bridder Metz (Auguste, Charles an Norbert) decidéiert, e geraimegt Gebai um genannten Terrain ze bauen. De Bau, deen no de Pläng vum Funk tëscht 1871 an 1872 realiséiert gouf, ass uganks 1873 als Spidol, Weesenhaus an Hospiz fir al a schwaach Leit ënnert dem Numm Saint-Joseph opgaangen. D'Spidol war virun allem mä net exklusiv fir d'Aarbechter vun der Eecher Schmelz[1]. D'Haus gouf vum Dammeveräin aus der Par Weimeschkierch geleet; de Veräi stoung ënnert der Leedung vum Paschtouer Wahl a bestoung just aus Dammen aus der Famill Metz.
Éischt Schwësteren
[änneren | Quelltext änneren]Scho virum Bau vum Spidol war d'Schwëster Theonilla (a vun 1870 un och d'Schwëster Daniel) aus dem Uerde vun der Doctrinne chrétienne als Krankefleegerin zu Eech aktiv. Den Dammeveräin huet d'Theonilla, d'Daniel an nach eng drëtt, d'Schwëster Bernard mam Féiere vum Stot an der Fleeg vun de Bewunner vum Haus beoptraagt. Méi spéit krut d'Haus och nach eng Oberin, d'Schoulschwëster Marie Gury. No e puer Joer hunn d'Schwësteren hir Plaz – wéinst Onstëmmegkeete mam Verwaltungsrot – awer opginn. An hir Plaz koume véier Schwëstere vun de Borromäerinne vun Tréier. Déi ufänglech anti-däitsch Stëmmung (nom Krich vun 1870/71) konnt awer séier iwwerwonne ginn, absënns wéinst dem Fachwëssen, dem Opfersënn an dem feinen Optriede vun de Schwësteren.
Bitz- a Sonndesschoul
[änneren | Quelltext änneren]D'Schwësteren hunn och eng Bitzschoul gefouert, an där d'Meedercher Bitzen an aner Handaarbechte geléiert hunn a sech esou e puer Sue verdénge konnten, ouni datt se hu missen an der Fabrick schaffen. Fir d'Bitzschoul gouf 1877 e Fligel un d'Haus bäigebaut; zugläich konnten dunn um éischte Stack en Operatiounssall a véier Krankenzëmmeren ageriicht ginn.
1878 gouf eng Sonndesschoul fir Meedercher opgemaach, wou se Däitsch, Franséisch a Rechne bäibruecht kruten. Tëscht 40 a 50 Schülerinnen ware sonndes no der Vesper an de Coursen. D'Regierung huet de Schwësteren hir Aarbecht mat 200 Frang pro Joer subventionéiert.
1910, mat der Aféierung vun den obligatoresche staatleche Weiderbildungscoursen, gouf d'Eecher Sonndesschoul ofgeschaaft.
Schmelzdokteren
[änneren | Quelltext änneren]Uganks hunn d'Dokteren aus der Ëmgéigend d'Patienten am Saint-Josehh behandelt. Den Dr August Faber war den éischten, deen e Kontrakt mat der Schmelz hat a sech drëm gekëmmert huet, fir d'Aarbechter z'ënnersichen ier s'agestallt goufen, en huet d'Beamte vun der Schmelz bannent a baussent dem Spidol an déi hospitaliséiert Aarbechter gratis behandelt; e gouf vun der Direktioun vun der Schmelz bezuelt.
Den éischten Dokter, dee vun der Schmelz agestallt gouf, war den Édouard Mayrisch; en ass just e puer Méint nodeems en agestallt gi war zu Tréier gestuerwen. Dem Mayrisch säin Nofollger gouf de Jean-Pierre Nuel, de vun 1873 bis 1877 am Eecher Spidol geschafft huet.
Vun 1877 bis 1883 huet sech de stadbekannte Dokter Victor Alesch ëm d'Patiente vun der Schmelz an aus der Klinick gekëmmert, déi hien entweeder bei sech an der Groussgaass oder am Spidol behandelt huet. 1883 huet den Auguste Weber, deen eng Praxis zu Eech opgemaach hat, d'Nofolleg iwwerholl. Zesumme mam Dr Martin Klein huet hien déi éischt Operatiounen am Saint-Joseph gemaach. Dat Joer drop ass hien an d'Stad geplënnert an am November 1844 krut den Dr August Faber d'Plaz am Spiol. E war als gudde Medezinner bekannt, deen déi Aarm dacks gratis behandelt huet; seng Popularitéit ass wäit iwwer Eech erausgaangen. En ass am Joer 1901 gestuerwen.
1901 ass den Auguste Weber nees op Eech geplënnert a gouf als Schmelzdokter agestallt; en huet awer och nach all Dag Consultatiounen an der Elisabetherinneklinick an der Stad gehalen. 1920 huet hien d'Eecher Schmelz aus Gesondheetsgrënn opginn, awer nach a senger Wunneng zu Eech praktizéiert.
Am September 1920 gouf de Johann Faber, e Bouf vum August, den neien Dokter op der Schmelz.
Schwësteren Oberin
[änneren | Quelltext änneren]Als Schwëster Oberin waren zu Eech am Déngscht:
- 1874 – 1884: Schwëster Johanna Müller: ënnert hier gouf de rietse Säitefligel mat der Bitzschoul gebaut an duerno nach deen an der Mëtt an et gouf och eng Apdikt ageriicht;
- 1884 – 1890: Schwëster Oswalda Bröckerhoff: 1889 gouf d'Kapell vum Spidol ageseent;
- 1890: Schwëster Carola;
- 1891 – 1895: Schwëster Johanna Müller: fir dem Spidol nei Recetten z'erméiglechen, huet si eng Haushaltungsschoul opgemaach. Et goufen Ekonomiessäll ageriicht, e Stall, en Héngerhaff an eng Veranda gebaut. D'Haus Eppelbach, dat vis-à-vis vum Spidol stoung, gouf kaaft, ofgerappt an et gouf e Pensionat do gebaut, dat de 25. Oktober 1895 opgemaach huet; d'Schwëster Johanna huet d'Leedung iwwerholl;
- 1895 – 1896: Schwëster Heribailda von Löhlöffel: si huet d'Spidol no strenge Reegele geleet;
- 1898 – 1904: Schwëster Oswalda Bröckerhoff: de sougenannten „Neibau“ gouf 1899 vergréissert an d'Kapell dekoréiert (1904);
- 1904 – : Schwëster Cölestine,
Fondatioun Norbert Metz
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems de Grënner vum Spidol, den Norbert Metz, den 28. November 1885 gestuerwe war, huet seng Wittfra d'Spidol 1891 vun der Metz & Cie fir 25.000 Frang zu follgende Konditiounen ofkaaft:
- et sollen ëmmer zéng Better fir d'Personal vun der Schmelz reservéiert sinn;
- fir d'Aarbechter soll den Openthalt am Spidol – inklusiv Iessen, Ënnerkonft, Luucht, Hëtzt a medezinesch Versuergung – fir 2,50 Frang den Dag verrechent ginn;
- am Fall vun enger ustiechender Krankheet mussen – wann néideg – all d'Raimlechkeete vum Spidol fir d'Firma Metz zur Verfügung stoen.
Nieft dem Spidol huet d'Wittfra Metz och den Eecher Bësch mat Parzellen niewendrun, enger Wiss an engem Pëtz kaaft. Mat engem Akt vum 1. Oktober 1892 huet si d'Spidol mat allem ronderëm dem Lëtzebuerger Staat geschenkt. D'Schenkung war ë. a. u follgend Konditioune geknëppt:
- d'Spidol soll nom Grënner „Fondatioun Norbert Metz“ genannt ginn an et soll de selwechten Zweck erfëlle wéi virdrun: Spidol, Hospice, Weesenhaus, Bitz- an Haushaltungsschoul;
- déi zéng Better fir d'Personal vun der Schmelz musse reservéiert bleiwen;
- den Aarmebüro vun Eech kann decidéiere wéi eng Weesekanner zu Laaschte vun der Fondatioun opgeholl ginn.
Do dernieft war festgehale ginn, datt dem Spidol säi Stot weiderhi vun de Borromäerinnen-Schwëstere sollt assuréiert ginn, déi zënter der Grënnung vun der Institutioun domat beoptraagt waren an datt d'Albertine Metz-Tesch Zäit hires Liewen den Notzen (usufruit) vum Spidol hätt.
Staatlech Verwaltungskommissioun
[änneren | Quelltext änneren]Nodeem dem Norbert Metz seng Fra Albertine Tesch an och hir gemeinsam Duechter Cécile am Joer 1901 gestuerwe waren, ass d'Fondatioun ganz un de Staat iwwergaangen. De Staat huet doropshin eng Verwaltungskommissioun agesat, déi sech ë. a. ëm d'Verméigen an d'Akommes vun der Stëftung, d'Gestioun, den Ënnerhalt an d'Fleeg vun de Gebaier asw. këmmere sollt.
Entwécklung no 1925
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1926 bis 1928 ass d'Klinik vergréissert a moderniséiert ginn.[2]
Op Basis vun enger Konventioun vum 14. Juli 2003 ass d'Eecher Klinick op den 1. Januar 2004 mam Centre hospitalier fusionéiert[3].
Medezinesch Offer
[änneren | Quelltext änneren]Am CHL Eech ginn ë. a. follgend Servicer ugebueden[4]:
- Anästhesie / Reanimatioun
- Diethetik
- Gastroskopie
- Geriatrie
- Hals-Nuesen-Oueren-Heelkonscht
- idem fir Kanner
- Kardiologie an Echokardiografie
- Kinesitherapie
- Klinick vun der Fettleibegkeet
- Médecine interne
- Ophtalmologie
- Orthopedie
- Palliativfleeg
- Physikalesch Medezin
- Plastesch Chirurgie / Chirurgie vun der Hand
- Scanning (imagerie médicale)
- Sportsklinick mat der Sports Concussion Clinic
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: CHL Eich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Quell, wou net anescht uginn:
[änneren | Quelltext änneren]- Georg Kieffer, Aus der Chronik der Stiftung Norbert Metz in Eich, Ons Hémecht
- Jg. 30, nº Erstes u. zweites Heft (1924)
- Jg. 30, nº Drittes u. viertes Heft (1924)
- Jg. 30, nº Fünftes u. sechstes Heft (1924)
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Georges Kieffer, « Aus der Chronik der Stiftung Norbert Metz in Eich », Ons Hémecht, 1924, no 1, p. 44‑50.
- ↑ Georges Kieffer, « Einen Rundgang durch eine neue Klinik », Luxemburger Wort, 19 novembre 1928, p. 15.
- ↑ (fr) Arrêté grand-ducal du 3 octobre 2003 portant intégration et rattachement des services hospitaliers de la Clinique d'Eich, Fondation Norbert Metz, au Centre Hospitalier de Luxembourg. ata.legilux.public.lu (03.10.2003). Gekuckt den 02.05.20265.
- ↑ Services cliniques | CHL. centre.chl.lu. Gekuckt den 03.05.2026.
