CHNP De Park
Ausgesinn
|
| |
|
Gebai am Park vum CHNP | |
| Typ | Spidol |
| Lokalisatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Ettelbréck |
| Adress | 17, avenue des Alliés |
| Koordinaten |
49° 50’ 31.1’’ N 06° 05’ 57.1’’ O |
| Medezinesch Ariichtung | |
| Iwwergeuerdent Organisatioun | Centre hospitalier neuro-psychiatrique |
| Leedung | Carmen Recken (Directrice) |
| Personal | 161 (2024) |
| Betterzuel | () |
| Proprietär | |
|
| |
De Park ass e Kompetenzzenter fir Jugendlecher (vun 12 Joer un) an Erwuessener mat geeschtegen oder psychesche Behënnerungen zu Ettelbréck, deen zum ëffentlechen Etablissement Centre hospitalier neuropsychiatrique (CHNP) gehéiert. De Park ass och nach ënnert dem Numm CHNP Ettelbréck bekannt
De Park begräift siwe Wunnhaiser, zwéin Dagesfoyeren an e 4 Hektar grousse Park. Zënter 2020 gëtt et nach eng Annex mat 34 Better, de „Foyer Atert“, zu Useldeng.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Offer
[änneren | Quelltext änneren]De Park begräift ë. a.[1]:
- Therapeutesch Servicer fir d'Entwécklung, d'Gläichgewiicht an d'Wuelbefanne vun de Bewunner z'ënnerstëtzen: Psychomotoriks-, Museks- a Konschttherapie, psychologesch Ënnerstëtzung;
- Ënnerstëtzungsdéngschter: Snoezelen, basal Stimulatioun, sozial Ënnerstëtzung, Bildungsënnerstëtzung, kierperlech Aktivitéiten, Fräizäitaktivitéiten, Ausflich, Aromatherapie, Hippotherapie;
Konditiounen
[änneren | Quelltext änneren]Eng Demande fir eng Opnam ka vun der Famill, den Institutiounen oder de psychiatreschen Departementer vun den allgemenge Spideeler gemaach ginn. All Demande gëtt no enger interner Prozedur vum Personal vun der Entitéit iwwerpréift.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: CHNP De Park – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Offre de services. depark.lu. Gekuckt den 08.05.2026.
