CHdN Wolz
| Clinique Saint-Joseph | |
|---|---|
|
D'Wëlzer Spidol am Joer 2022 | |
| Typ | Klinick |
| Lokalisatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Wolz |
| Plaz | Wolz |
| Adress | 10, Huuschtewee |
| Koordinaten | 49°57'44,413"N, 5°55'28,207"O |
| Um Spaweck | https://www.chdn.lu/ |
| Medezinesch Ariichtung | |
| Iwwergeuerdent Organisatioun | Centre hospitalier du Nord |
| Personal | () |
| Betterzuel | () |
| Noutopnam | Jo |
| Proprietär | |
|
| |
Den CHdN Wolz ass en allgemengt ëffentlecht Spidol zu Wolz, dat zum ëffentlechen Etablissement Centre hospitalier du Nord (CHdN) gehéiert. Et ass och nach ënnert de fréieren Nimm Clinique Saint-Joseph, Clinique régionale du Nord oder Wëlzer Spidol bekannt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Baron Jean IV. huet 1596 den éischten Hospice gegrënnt.
Tëscht 1897 an 1936 war den Hospice op verschiddene Adressen ënnerbruecht an huet sech ëm aarm, bedierfteg, eeler a krank Awunner bekëmmert. Den Hospice gouf duerch Spenden a Vermiechtnesser finanzéiert a vun de Franziskanerinnen-Schwëstere geleet.
Duerno koumen d'„Zitha-Schwësteren“ (Karmelitinnen). No enger Bauzäit vu véier Joer huet d'Clinique Saint-Joseph 1937 hir Dieren um haitege Standuert opgemaach. Et goufe 60 stationär Better an de Statioune Maternité, Infektiounskrankheeten, Chirurgie a Pediatrie. Am Joer 1946 huet den Dr. Bastien Will als éischte Chirurg am Wëlzer Spidol praktizéiert. No 42 Joer zu Wolz hunn d'„Zitha-Schwësteren“ d'Klinick verlooss.
1977 ass en neit Gebai ageweit ginn; d'Klinick hat deemools 106 akut Better. Dat aalt Gebai ass 1982 an en Fleegeheem mat 40 Better ëmgebaut ginn.
2009 ass duerch d'Fusioun vun der Clinique Saint-Joseph mam Ettelbrécker Hôpital Saint-Louis de Centre hospitalier du Nord entstanen[1].
Tëscht 2011 an 2015 sinn d'Gebaier zu Wolz fir bal 25 Milliounen Euro renovéiert a moderniséiert ginn.
Medezinesch Offer
[änneren | Quelltext änneren]Am CHdN Wolz ginn ë. a. follgend Servicer ugebueden[2]:
- Dermatologie
- Diethetik – Diabetes-Consultatiounen
- Endoskopie
- Ergotherapie
- Geriatresch Reeducatioun
- Hals-Nuesen-Oueren-Heelkonscht
- Intermediate Care
- Kardiologie
- Laboratoire
- Médecine interne
- Neurologie
- Noutopnam
- Ophtalmologie
- Physiotherapie
- Pneumologie
- Poliklinick
- Radiologie
- Reeducatioun
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: CHdN Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Historique Site Wiltz, gekuckt op chdn.lu de 4. Mee 2026
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Loi du 20 avril 2009 portant création de l'établissement public « Centre Hospitalier du Nord ». data.legilux.public.lu (20.04.2009). Gekuckt den 03.05.2026.
- ↑ (fr) Les sites. CHdN. Gekuckt de 04.05.2026.
