COMPASS-1
Compass-1 | |
---|---|
Typ | CubeSat |
Land | Däitschland |
Agentur | FH Aachen, FB6 |
COSPAR-Bezeechnung | 1960-014A |
Bunnhéicht | 630 km |
Bunnschréi | 98° |
Mass | 860 g |
Gréisst | 10×10×10 cm³ |
Start | 28. Abrëll 2008 |
Startplaz | Satish Dhawan Space Centre, Indien |
Drorakéit | Antrix Ltd., PSLV-C9 |
Status | ausser Betrib Mäerz 2012 op enger LEO Ëmlafbunn |
De COMPASS-1, oder Compass One ass e Klengsatellit a CubeSat-Format, deen d'Studente vun der FH Aachen vun 2003 bis 2008 entwéckelt hunn.
Opbau a Missioun
[änneren | Quelltext änneren]De COMPASS-1 huet e Gewiicht vu ronn engem Kilo. Seng Galliumarsenid-Solarpaneele liwweren eng elektresch Leeschtung vun zwee Watt. Déi Dräi-Achsen-Stabilisatioun erfollegt iwwer Magnéitspulen. D'Liewensdauer war fir sechs Méint berechent. D'Notzlaascht besteet aus engem GPS-Empfänger an enger CMOS-Kamera. Mat enger Opléisung vu 640×480 Pixelen an enger Fluchhéicht vu 630 km bilt d'Kamera eng Fläch vun der Äerd vu 416×380 km² of. De COMPASS-1 gouf den 28. Abrëll 2008 um 03:53 UTC als Piggy-back mat enger indescher PSLV-Drorakéit erfollegräich an eng sonnesynchron Bunn geschoss.
D'Amateurfunkruffzeechen fir de COMPASS-1 ass DP0COM. D'Buedemstatioun benotzt d'Ruffzeechen DL0FHA. Als Beacon-Downlink gëtt eng Frequenz vu 437,275 MHz a fir den Daten- an Telemetriedownlink 437,405 MHz benotzt.
Den Nofollgerprojet COMPASS-2 huet bis zulescht de COMPASS-1 ënnerstëtzt.
Ufank Mäerz 2012 ass d'Batteriespannung vum COMPASS-1 zesummegebrach.