Caelum (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Caelum
Lëtzebuergeschen Numm Gruefstéchel
Laténgeschen Numm Caelum
Laténgesche Geenitiv Caeli
Laténgesch Ofkierzung Cae
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 4h 19m bis 5h 05m
Deklinatioun -27° 00´ bis -48° 45´
Fläch 125 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 41° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
α Caeli,
4,5m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Lepus (Hues)

Eridanus
Horologium (Pendelauer)
Pictor (Moler)
Columba (Dauf)

Kaart vum Stärebild Caelum

D'Stärebild Caelum läit um südleche Stärenhimmel an ass op eise Breetegraden net ze gesinn.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Caelum ass en onopfällegt Stärebild südlech vum Hues an ëstlech vum groussen Eridanus. Véier Stäre maachen eng gekrëmmt Linn. Nëmmen zwéi Stäre si méi hell wéi déi 5. Gréissteklass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille huet am 18. Joerhonnert e puer Regiounen um Südhimmel Nimm ginn, déi bis dohin nach keen Numm haten. Am Géigesaz zu de klassesche Stärebiller, déi no mythologesche Gestalte genannt sinn, huet de Lacaille senge Konstellatioune meeschtens Nimm vun techneschem Material ginn. Ufanks huet d'Stärebild Caela Sculptoris (Aarbechtsgeschier vum Sculpteur) geheescht, de Gruefstéchel stellt domat e Gravéiermaterial duer, dat fréier fir d'Hirstellung vu Koffer- oder Stolstéch gebraucht gouf.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 4,45m 72 F2 V
γ 4,55m 186 K2 III
β 5,05m 91 F8 V
δ 5,07m 700 B3 V
ν 6,06m
λ 6,24m
ζ 6,35m

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
α 4,45m/13m 6,6”
γ 4,55m/8,5m 2,9“

Den hellste Stär, α Caeli, ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 72 Liichtjoer. Op engem Ofstand vu 6,6 Bousekonne vum 4,45m hellen Haaptstär ass e liichtschwaache Begleeder mat der 13. Gràissteklass.

Den γ Caeli läit 186 Liichtjoer vun eis ewech, an ass och en Duebelstäresystem.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Caelum – Biller, Videoen oder Audiodateien