Camille Bouché

Vu Wikipedia
Camille Bouché
Gebuer 10. November 1922
Biekerech
Gestuerwen 5. Mäerz 2002
Kalkutta
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Missionnaire, Enseignant

De Camille Bouché, gebuer den 10. November 1922 zu Biekerech, a gestuerwen de 5. Mäerz 2002 zu Kalkutta, war e lëtzebuergesche Resistenzler[1], Jesuittepater a Missionar zu Kalkutta an Indien. Hien ass den 8. vun 10 Kanner vum Nicolas Bouché a Marguerite Goelff. Säin Neveu war de Camille Gira.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Mat 12 Joer goung de jonke Camille Bouché op Verviers an déi apostolesch Jesuitteschoul St. François Xavier. Den 10. Mee 1940 sinn d'Patere mat hire Schüler iwwer Namur a Mons a Richtung Frankräich geflücht, fir den 19. Mee an der Géigend vu Valenciennes unzekommen. Ënner hinnen de Camille Bouché an 8 aner Lëtzebuerger Studenten. Zu Escaudœuvres bei Cambrai koume si ënner Beschoss vun den Nazien: 13 Schüler an 2 Patere stierwen. De Camille Bouché huet mat Verletzungen iwwerlieft.[2]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jesuittemonument zu Escaudœuvres.

Am September 1941 ass hien zu Arel an d'Noviziat bei de Jesuitten agetrueden. Am Ufank vun der Zwangsrekrutéierung huet hie sech wärend 5 Méint am Klouschter zu Clairefontaine verstoppt, duerno am Pensionat vun de Sœurs du Saint-Cœur de Marie zu Giisch a schliisslech an der Abtei Drongen bei Gent. Hei huet hie säin Noviziat ofgeschloss. Nom Ofschloss vu senger Uerdensausbildung huet hie sech am Juli 1947 entscheet, fir an Indien ze goen, wou hien am Dezember 1947 zu Kalkutta ukoum.

De Camille Bouché war 3 Joer Enseignant zu Kalkutta am St. Xavier's College an huet déi bengalesch Sprooch geléiert, ier hien 1950 am St Mary's College vun de Jesuitten zu Kurseong Theologie studéiert huet, wou hien och de Lëtzebuerger Jesuitt Jospeh Putz (1894-1984) als Professer hat. 1954 gouf hien zum Priister geweit.[3]

Vu Januar 1957 bis Dezember 1966 war de Pater Bouché Préfet de discipline am St. Xavier's College zu Kalkutta. Zu där Zäit hunn och d'Lëtzebuerger Jesuitten Paul Turmes SJ (1890-1972) vu Miersch an de Josy Sassel SJ (1918-2007) vu Maarnech do enseignéiert. 1988 gouf de Pater Bouché Direkter vun der Schoul, huet awer 1990 de St. Xavier's College verlooss, fir an der St. Lawrence High School (eng 2. méi kleng Jesuitteschoul zu Kalkutta) d'Aufgab vum Präfekt vun der Primärschoul z'iwwerhuelen.

1999 koum hien eng lescht Kéier op Lëtzebuerg. Seng Gesondheet ass méi schlecht ginn, mä hien ass net zu Lëtzebuerg bliwwen. Vun 2000 bis zu sengem Doud 2002 war hien erëm um St. Xavier‘s College. Am Joer 2001 gouf hien an d'Hall of Fame of Education, eng Fondatioun vun der Dageszeitung The Telegraph opgeholl. De 7. Mäerz 2022 gouf hien zu Dhyan Ashram an Thakurpukur quasi wéi op engem Staatsbegriefnes begruewen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bodo Bost, Indienmissionar aus Beckerich, "Father Camille Bouché SJ - a hommage to a remarkable man", Erinnerungen an den vor 90 Jahren geborenen, Die Warte 31|2381, S. 16-18, Luxemburger Wort 15.11.2012
  • Bodo Bost, Lehrer von Lakshmi Mittal, Beichtvater von Mutter Teresa, Pater Camille Bouché SJ (1922-2002) aus Beckerich bleibt in Indien auch 20 Jahre nach seinem Tode unvergessen. Die Warte 8|2751, S. 6-7, Luxemburger Wort 9.3.2023

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bouché Camille. Fédération des enrôlés de force. Gekuckt de(n) 10.3.2023.
  2. Die Toten von Escaudœuvres. Fédération des enrôlés de force. Gekuckt de(n) 11.3.2023.
  3. (de)Primizfeier eines Jesuitenmissionars in Indien. Luxemburger Wort (26.11.1954). Gekuckt de(n) 11.3.2023.