Camille Hellinckx

Vu Wikipedia
Camille Hellinckx
Gebuer 27. Dezember 1925
Lëtzebuerg
Gestuerwen 30. November 1997
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei

De Camille Hellinckx, gebuer de 27. Dezember 1925 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 30. November 1997, war e lëtzebuergeschen [[Nottär]] a Politiker (DP).[1]

1954 - 1955 war de Camille Hellinckx President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.

Hie gouf bei de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 an d'Chamber gewielt a bei de de Walen 1974 an 1979 zeréckgewielt.

Hie war vun 1970 bis 1981 och Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

De 16. Februar 1986 gëtt am Cader vun der Affär Bommeleeër dem Camille Hellinckx senger Duechter hiren Auto virum Haus vum Camille Hellinckx an d'Luucht gesprengt.[2]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portrait vum Camille Hellinckx am Luxemburger Lexikon 1. Oplo 2006 an der Éditions Guy Binsfeld S.169
  2. 'Die Chronologie der Attentate vom 30. Mai 1985 bis 25. März 1986' iwwer d'Bommeleeër op revue.lu
  3. 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022

n]]